Camille Ney
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Camille Ney | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
1. Januar 1919 Ell |
| Gestuerwen |
29. August 1984 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Veterinär |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Minister |
|
| |
De Camille Ney, gebuer den 1. Januar 1919 zu Ell, a gestuerwen den 29. August 1984 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergsche Politiker (CSV).
De Camille Ney war vu Beruff Veterinär. Politesch huet hie sech an der CSV engagéiert a gouf tëscht 1964 an 1979 an d'Chamber gewielt. Dräimol huet hien dëst Mandat mat deem vun engem Member vun der Regierung getosch: 1971-1972 war e Staatssekretär fir Landwirtschaft, Wäibau a Bildung an 1972-1974 Minister fir Landwirtschaft an ëffentlech Gesondheet an der Regierung Werner-Schaus II, an 1979-1982 Minister fir Landwirtschaft, Wäibau, Waasser a Bëscher an der Regierung Werner-Thorn-Flesch.
