Carlo Clasen

Vu Wikipedia
Carlo Clasen
Gebuer 16. Mäerz 1924
Diddenuewen
Gestuerwen 2. September 2014
Bordeaux
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Papp Joseph Clasen

De Carlo Clasen, gebuer de 16. Mäerz 1924 zu Diddenuewen[1] an den 2. September 2014 zu Bordeaux gestuerwen[2], war e lëtzebuergesche Kellereidirekter.

Den Zwangsrekrutéierten[änneren | Quelltext änneren]

Dem Carlo Clasen seng Jugend ass duerch den 2. Weltkrich markéiert ginn. Hie war Zwangsrekrutéierten: Reichsarbeitsdienst (RAD) 1942, Wehrmacht 1943, desertéiert am September 1944.[1]

De Chef vu Bernard-Massard[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Papp, de Joseph Clasen, den Direkter vun de Caves Bernard-Massard vu Gréiwemaacher, am Dezember 1945 gestuerwen ass, hu seng Jongen, den André an de Carlo Clasen, d'Leedung vun der Kellerei iwwerholl. De Carlo Clasen war Fondé de pouvoir.[3] Hien huet sech am Ufank virun allem ëm d'Rettung an de weideren Opbau vun der Tréirer Kellerei vu Bernard-Massard gekëmmert.[4]

Den 29. Abrëll 1957 ass de Max Lambert, de President vum Verwaltungsrot vun de Caves Bernard-Massard, gestuerwen. Den André Clasen gouf Administrateur an den 10. Juli 1957 President vum Verwaltungsrot. Kuerz dono, den 9. September 1957, ass den André Clasen bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm. Hie war 1920 gebuer, mam „Jockel“ Lambert, dem Max Lambert senger Duechter, bestuet an de Papp vum Bernard Clasen [5], Joergank 1947.[4]

Nom Doud vu sengem Brudder huet de Carlo Clasen de Betrib eleng geleet.[6] De 16. Dezember 1957 ass hie Member vum Verwaltungsrot ginn an den 10. Mäerz 1958 President, bis zu senger Demissioun am Joer 2006.[4]

Dem Carlo Clasen säin Nofollger als Direkter vun der Kellerei a spéider als President vum Verwaltungsrot war säi Jong Hubert Clasen,[7] zu Lëtzebuerg gebuer den 22. Juni 1951.[8]

Aner Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Dem Carlo Clasen seng Aktivitéit huet sech net op d'Kellerei beschränkt. Wärend 36 Joer war hie President vum Verwaltungsrot vun der Useldenger Lackfabréck a vun 1977 bis 1994 Member vum Verwaltungsrot vun der Banque internationale à Luxembourg (BIL).[9] Weider Funktioune waren: President vun der FEDIL (1982 bis 1987)[10]; President vum Verwaltungsrot vun der Société anonyme Munster (vun der Grënnung am Joer 1982 un), Administrateur vun der A.s.b.l. Cercle Munster (vun der Grënnung am Joer 1983 un)[2]; Vizepresident vun der Chambre de commerce, Vizepresident vum Automobilclub (ACL).[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, O., A. Gnaba, J. Menegalli & J. Rudoni, 2018. Histoires de familles: 10 familles luxembourgeoises, 10 success-stories entrepreneuriales: Clasen, Ehlinger, Ernster, Giorgetti, Grosbusch, Heintz van Landewyck, Hentgen, Lentz, Muller, Weber-Heinisch. Maison Moderne, Luxembourg, 175 p.
  • Wort, 2014. Nécrologie: Carlo Clasen. Luxemburger Wort, online, 11.09.2014.[2]
  • Paperjam, 2014. Nécrologie: disparition de Carlo Clasen. Paperjam.lu, 12.09.2014.[3]
  • Tageblatt, 2014. Bernard-Massard: Carlo Clasen gestorben. Tageblatt 2014-09-12, S. 36.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Clasen Carlo. In: Ons Jongen a Meedercher. Fédération des enrôlés de force. Archives.[1]
  2. 2,0 2,1 Luxemburger Wort 2014-09-11, S. 40 (Avis mortuaires).
  3. 3,0 3,1 Wort 2014.
  4. 4,0 4,1 4,2 Email vum Hubert Clasen, 21. Juli 2020.
  5. Bernard Joseph Max Clasen, den 19. Abrëll 1947 an der Stad Lëtzebuerg gebuer; d'Elteren hunn op der Deysermillen gewunnt. Cf. Luxemburger Wort 1947-04-22, S. 5 (Naissances). – Obermosel-Zeitung 1947-07-16, S. 6 (Zivilstand der Gemeinde Wormeldingen vom 1. Januar bis 30. Juni 1947).
  6. Arendt et al. 2018, S. 24.
  7. Arendt et al. 2014.
  8. Hubert Clasen. S.C.I. Scheidberg Archivéiert op 2020-07-10. Gekuckt de(n) 2020-07-08.
  9. Paperjam 2014.
  10. Tageblatt 2014.