Carlo Maria Giulini

Vu Wikipedia
Carlo Maria Giulini
Gebuer 9. Mee 1914
Barletta
Gestuerwen 14. Juni 2005
Brescia
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien, Italien
Educatioun Accademia Nazionale di Santa Cecilia,
Accademia Musicale Chigiana
Aktivitéit Dirigent, Museksdirekter

De Carlo Maria Giulini gebuer den 9. Mee 1914 zu Barletta an der Provënz Bari, an Italien a gestuerwen de 14. Juni 2005 zu Brescia an der Lombardei war en italieeneschen Dirigent.

Hien huet op der Akademie vun der Helleger Cäcilia zu Roum Alto an Direction studéiert. 1948 huet hie seng éischt Oper dirigéiert, La Traviata vum Giuseppe Verdi. Als Dirigent hie mat sou bekannte Regisseure wéi Franco Zeffirelli a Luchino Visconti zesummegeschafft.

Vun 1969 bis 1978 war hie Gaaschtdirigent (principal guest director) vum Chicago Symphony Orchestra, vun 1973 bis 1976 Chefdirigent vun de Wiener Symphoniker an en huet de Los Angeles Philharmonic Orchestra vun 1978 bis 1984 dirigéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]