Cavendish-Laboratoire
Cavendish Laboratory | |
---|---|
() | |
Typ | Institut |
Land | Vereenegt Kinnekräich |
Ënnersteet der/dem | Universitéit vu Cambridge |
Gegrënnt | 1874 |
Genannt no | Henry Cavendish |
Koordinaten | 52°12'33"N, 0°5'33"O |
Um Spaweck | https://www.phy.cam.ac.uk/ |
De Cavendish-Laboratoire (en: Cavendish Laboratory) gouf 1873 gegrënnt. Et ass en Institut fir Physik vun der englescher Eliteuniversitéit Cambridge.
De Laboratoire war ufanks am Zentrum vu Cambridge an der Free School Lane, ass awer wéinst Plazmanktem an den 1970er Joren op West Cambridge geplënnert. Déi Physikalesch Chimie hat dat scho méi fréi gemaach.
Si ass nom William Cavendish, dem fréiere Kanzler vun der Universitéit, genannt (dofir och ufanks Devonshire Labor genannt) an als Undenken u säi bekannte Familljemember, den Experimentalphysiker Henry Cavendish[1].
Bekannt Wëssenschaftler
[änneren | Quelltext änneren]Cavendish Professere fir Physik:
- 1871–1879 James Clerk Maxwell
- 1879–1884 John William Strutt, 3. Baron Rayleigh (Nobelpräis fir Physik 1904)
- 1884–1919 Joseph John Thomson (Nobelpräis fir Physik 1906), Entdecker vum Elektron
- 1919–1937 Ernest Rutherford (Nobelpräis fir Chimie 1908), "Papp vun der Atomphysik"
- 1938–1953 William Lawrence Bragg (Nobelpräis fir Physik 1915), a senger Amtszäit entstongen d'Fachberäicher: Molekularbiologie an Astrophysik
- 1954–1971 Nevill Francis Mott (Nobelpräis fir Physik 1977)
- 1971–1984 Brian Pippard
- 1984–1995 Samuel Edwards
- zanter 1995 Richard Henry Friend
Bis zum Pippard waren d'Cavendish Professeren och Leeder vum Labor, duerno hu sech d'Fonctioune getrennt.
Am Ament (2012) ass den James Stirling Leeder vum Labor.
Fuerschung
[änneren | Quelltext änneren]Bis haut goufen 28 Nobelpräisser u Fuerscher verginn, déi am Cavendish-Laboratoire geschafft haten. Déi wichtegst Fuerschungsfelder waren dobäi Nuklearphysik (prominent vertrueden duerch de Lord Rutherford a seng Schoul), Atomphysik, Molekularphysik a Kristallographie, Festkierperphysik (zum Beispill Supraleedung), Elektronemikroskopie an Radioastronomie.
1953 haten den James Watson an de Francis Crick et fäerdegbruecht d'Desoxyribonukleinsaierstruktur duerzestellen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Cavendish-Laboratoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Geschichte des Labors Archivéiert de(n) 18.01.2012. Gekuckt de(n) 01.07.2013.