Cecil B. DeMille

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Cecil B. De Mille)
Cecil B. DeMille
Pseudonym ''C.B.''
Gebuer 12. August 1881
Gestuerwen 21. Januar 1959
Hollywood
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun American Academy of Dramatic Arts
Aktivitéit Filmproduzent, Filmregisseur, Filmediteur, Dréibuchauteur, Dramatiker, Schauspiller, Theaterschauspiller, Radiosspeaker, Filmschauspiller, Theaterregisseur, Regisseur
Partei Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Constance Adams DeMille
Liewenspartner(in) Julia Faye
Papp Henry C. De Mille
Mamm Beatrice DeMille
Geschwëster William C. deMille
De Cecil B. DeMille (ëm 1952).

De Cecil Blount DeMille, gebuer den 12. August 1881 zu Ashfield, Massachusetts, a gestuerwen den 21. Januar 1959 zu Hollywood, Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmregisseur a -produzent. Hie war ee vun de Filmmécher vun der éischter Hallschecht vum 20. Joerhonnert mat deem meeschte Succès.

Nodeems en e puer Joer als Manager vu senger Mamm hirer Theatertrupp an och alt als Schauspiller dodra geschafft hat, huet hien 1913 mam Jesse L. Lasky an dem Samuel Goldwyn eng Filmproduktiounsfirma gegrënnt, d'Lasky Films, aus där spéider d'Paramount Pictures gouf. 1914 huet hie mam Oscar Apfel säin éischte Film geschriwwen, produzéiert an dran d'Regie gefouert, de Six-reeler The Squaw Man.

Deen éischte Film bei deem en eleng Regie gefouert huet, war de Western The Virginian. An de Joren duerno huet hien Dosende vu Stommfilmer gedréint, dacks mat oppulenten, alt exoteschen Dekoren, an alt mat fir déi Zäit zimmlech fräizügege Geschichten. Bekannt sinn och eeepesch Dramen a Bibelverfilmungen, wéi Joan the Woman (iwwer d'Jeanne d'Arc) an The Ten Commandments (1923) an The King of Kings (1927).

Den DeMille huet mat als deen éischten dacks déi selwecht Schauspiller fir seng Filmer agesat, an dës zu reegelrechte Staren opgebaut, dorënner de Raymond Hatton, d'Julia Faye, den Theodore Roberts, den James Neill, de William Boyd, de William Elmer an d'Gloria Swanson.

An den 1930er Joren huet hie sech kënne mat Succès op den Tounfilm ëmstellen, wourënner déi bizar Comedie Madam Satan (1930), eeepesch Drame wéi The Sign of the Cross (1932) a Cleopatra (1934), Jugenddrame wéi This Day and Age (1933) a grouss Western wéi The Plainsman (1936) a Union Pacific (1939).

Den DeMille war och ee vun den éischte Regisseuren, dee selwer eng Berüümtheet war; säin Numm war eng Zort Markenzeeche fir seng Filmer. Vun 1936 bis 1944 war hien den Hôte a Regisseur vun der Radiosemissioun Lux Radio Theater, woudra bekannt Filmer nogespillt goufen, dacks mat de selwechte Schauspiller.

An den 1940er Jore war hie manner aktiv, huet awer Filmer wéi den Abenteuerfilm Reap the Wild Wind (1942) gedréint. Seng dräi lescht Filmer huet hien och produzéiert, a vill Wäert drop geluecht, datt se grouss erauskoumen. Et waren dat de Bibelfilm Samson and Delilah (1950), The Greatest Show on Earth (1952) an e Remake vu sengem The Ten Commandments (1956). Dee leschtgenannten war 1956 deen éischten am amerikanesche Box-office, a fir The Greatest Show on Earth krut hien den Oscar fir de beschte Film.

Den DeMille huet och an e puer Filmer als Schauspiller matgespillt, dee bekanntsten ass Sunset Blvd. vum Billy Wilder, wou e sech selwer spillt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Eng Reklamm vun (1919)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cecil B. DeMille: The Autobiography of Cecil B. DeMille. 1959.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cecil B. DeMille – Biller, Videoen oder Audiodateien