Centrale thermique Arbed Terres-rouges

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Gaszentral 2012.

D'Centrale thermique um Schlakentipp vun Arbed Terres-Rouges war en dräideelegt Gebai aus dem Joer 1953 zu Esch-Uelzecht, an deem mam Gas vun den Héichiewen elektresche Stroum produzéiert gouf.[1]

Et war fir d'Arbed déi éischt gréisser Investitioun zu Esch nom Zweete Weltkrich. Am héchsten Deel vum Gebai vu 40 m Héicht stoungen dräi Dampkessele vun 22 m Héicht déi bei der Firma Smulders an der Belsch gebaut goufen. Am mëttleren Deel vum Gebai vun 23 m Héicht stoungen déi dräi 20-MW staark Turbinnen déi aus Frankräich vun der Schneider-Grupp koumen an d'Ventilatoren déi aus England koumen. Am niddregsten Deel vum Gebai mat 17,5 m Héicht stoungen d'elektresch Anlagen déi vun der BBC aus der Schwäiz geliwwert goufen.[1]

Si stoung, vu wäitem gutt ze gesinn, um Schlakentipp vun der fréierer Schmelz vun Terres-Rouges, direkt op der franséischer Grenz. Zënter datt 1997 dee leschten Héichuewen ausgemaach gi war, war, mangels Gas, d'Zentral net méi am Gebrauch. D'Sich no engem potentiellen Investor, deen eppes mam Gebai unzefänke wéisst, hat kee Succès, ë. a. well et fir d'éischt käschtenintensiv vum Asbest sanéiert hätt misse ginn.[2] Och war de Schlakentipp op deem se steet, am Gaang, ganz ofgebaut ze ginn, an d'Hal stoung engem kompletten Ofbau am Wee.

Sou hunn am Abrëll 2015 d'Ofrapp-Aarbechten ugefaangen, déi bis 2017 gedauert hunn. D'Turbinnen a soss metalle Konstruktioune bannendra goufe praktescherweis als Schrott direkt am Elektrostoluewen op Belval niewendru recycléiert.[2]

Déi dräi Killtierm nieft dem Gebai ware schonn uganks vun den 2000er Joren ofgerappt ginn.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Lieserbréif am LW vum 30. Mee 2015 S. 21 vum Paul Diederich, als Ingenieur verantwortlech fir d'Gaszentral vun 1961 - 1964
  2. 2,0 2,1 "Abriss der alten Gaszentrale hat begonnen". wort.lu, 23. Abrëll 2015 ëm 06:00.
  3. vgl. Loftopnamen vun 2001 an 2004 op geoportail.lu.