Cha 110913-773444
| Cha 110913−773444 | |
| Numm | Cha 110913−773444 |
| Stärebild: | Chamaeleon (Cha)
|
| Daten | |
| Equinoxe | J2000.0 |
| Rektaszensioun | 11h 09m 13,6s |
| Deklinatioun | − 77° 34' 45" |
| visuell Magnitude | 21,59 mag |
| Spektralklass: | ? |
| Astrometrie | |
| Radialvitess: | |
| Distanz | zirka 500 Lj zirka 160 pc |
| Absolut Hellegkeet | ? mag |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Mass: | zirka 8 MJ |
| Radius | zirka 1,8 RJ |
| Uewerflächentemperatur | 1350 K |
| Entdeclung | |
|---|---|
| Spitzer-Weltraumteleskop | 2005 |
De Cha 110913−773444, oder verkierzt als Cha 1109−7734 oder Cha 110913 bezeechent, läit am Stärebild Chamaeleon an ass en Planemo. E gouf am Joer 2005 entdeckt. Den Himmelskierper ass fir e Brongen Zwerg ze liicht a kann dofir mat enger Mass vu ronn aacht Jupitermassen an engem Radius vu ronn 1,8 Jupiterradien als Planéit ouni Stär ugesi ginn. Et ass also souzesoen e Vagabundestär, dee jee no der Sprooch Rogue Planet (en), Solitärplanéit oder Interstellare Planéit genannt gëtt.
Um Cha 110913−773444 existéiert eng Stëbsscheif, an där sech Planéiten an natierlech Satellitte forme kéinten. Den Objet huet en Alter vu wéinege Millioune Joer.
De Cha 110913−773444 gouf mam Spitzer-Weltraumteleskop, dat de Kosmos am Beräich vum Infraroutliicht ënnersicht, entdeckt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Cha 110913-773444 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Cha J110913-773444 sur SIMBAD
