Op den Inhalt sprangen

Charles Rausch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Charles Rausch
Gebuer 25. Januar 1921
Capellen
Gestuerwen 23. August 1942
KZ Auschwitz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zaldot

De Charles Rausch, gebuer de 25. Januar 1921 op der Cap, a gestuerwen den 23. August 1942 am KZ Auschwitz, war e lëtzebuergescht Nazi-Affer.[1]

De Charles Rausch war zum Zäitpunkt vum däitschen Iwwerfall 1940 Zaldot an der Fräiwëllegekompanie. Mat senge Kommerode koum hien am Dezember 1940 op Weimar, fir do 'ëmerzunn' an dann an déi däitsch Police oder d'Wehrmacht agezunn ze ginn. Well hie refuséiert huet, der Waffen-SS bäizetrieden, koum hien a Gefaangeschaft, zulescht am Konzentratiounslager vun Auschwitz, wou hie gestuerwen ass.[2]

Fir un hien z'erënneren, gouf kuerz nom Krich zu Walfer eng Strooss, d'rue Charlers Rausch[3], no him genannt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Rausch Charles op ons-jongen-a-meedercher.lu (nogekuckt: 17.10.2024.
  2. Lieux de mémoire de la Seconde guerre mondiale à Walferdange. De Walfer Buet Nr. 9, Octobre 2022, S.3-6.
  3. L-7247.