Charles de Tornaco (Politiker)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Charles de Tornaco. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Charles de Tornaco. |
| Charles de Tornaco | |
|---|---|
| Gebuer |
11. Oktober 1847 Suessem |
| Gestuerwen |
15. Dezember 1912 Uccle/Ukkel |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Famill | |
| Papp | Victor de Tornaco |
| Mamm | Anne Marie Louise de Beghein |
|
| |
De Barong Marie Florent Pierre Jean Charles de Tornaco, gebuer den 11. Oktober 1847 zu Suessem[1][2] a gestuerwen de 15. Dezember 1912 zu Uccle, war e lëtzebuergesche Politiker.[3]
Hie gouf bei de Wale vum Juni 1881 als 5. Deputéierte vum Kanton Esch-Uelzecht gewielt.[2]
Säi Grousspapp ass de Charles Auguste de Tornaco.[1]
