Chenogne

Vu Wikipedia
Chenogne
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Vaux-sur-Sûre
Awunner 142 (2012)
Koordinaten 49° 59’ 34’’ N
      05° 37’ 12’’ O
Postcode 6640

Chenogne ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Vaux-sur-Sûre an der Provënz Lëtzebuerg.

An der Zäit vum franséische Regime d. h. vum Directoire bis zum Enn vum Premier Empire war Chenogne Haaptuert vun engem franséische Kanton mat dem selwechten Numm am Département des Forêts. Chenogne huet am 17. an 18. Joerhonnert zu der Par Mande-Sainte-Marie gehéiert an zu der Märei Loupville. D'Herrschaft haten d'Häre vu Sibret. 1877 gouf Chenogne eng eege Par. Vun 1823 bis zu der belscher Gemengereform 1977 huet d'Uertschaft zu der fréierer Gemeng Sibret gehéiert.