Childerich III.

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Childéric III.)

De Childerich III., gebuer géint 720 a gestuerwe 755, war dee leschte Merowengerkinnek vu 743 bis 751. Hie war de Jong vum Frankekinnek Chilperich II.

Nom Doud vum Theuderich IV. am Joer 737, huet de karolengeschen Hausmeier Karl Martell, deen am Frankeräich d'Muecht hat, säin Ierwen Childerich, fir d'éischt an d'Klouschter Sithiu (déi spéider Abtei Saint-Bertin) aspäre gelooss, soudatt de merowengeschen Troun vakant war. Eréischt dem Karl Martell säi Jong Karlmann, deen am Fréijoer 743 nach eng Kéier e merowengesche Schietkinnek gebraucht huet, huet de Childerich fräigelooss an op den Troun gesat.

Vu sengem Handeln ass bal näischt bekannt, a sou ass en och virun allem als leschte Kinnek aus der Famill vun de Merowenger an d'Geschicht agaangen. Hie gouf geschuer an duerft nees, tëscht dem 31. Oktober 751 an dem 23. Januar 752 an d'Klouschter Sithiu antrieden, wou en och scho virdru gefaange gehale gi war. No him huet de Karolenger Pippin de Kuerzen sech d'Kinnekskroun opgesat, an et huet een näischt méi vun de Merowenger héieren.

De Childerich III. hat ee Jong, vun deem ee soss näischt weess wéi säin Numm (Theoderich, resp. Thierry).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dieter R. Bauer u.a.: Mönchtum – Kirche – Herrschaft 750–1000. Jan Thorbecke Verlag, Sigmaringen 1998.
  • Pierre Riche: Die Karolinger. Eine Familie formt Europa. Deutscher Taschenbuch Verlag GmbH & Co. KG, München 1991.
  • Rudolf Schieffer: Die Karolinger. Verlag W. Kohlhammer, Stuttgart Berlin Köln 1992.
  • Reinhard Schneider: Königswahl und Königserhebung im Frühmittelalter. Anton Hirsemann, Stuttgart 1972.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Childeric III – Biller, Videoen oder Audiodateien