Cité de l'espace

Vu Wikipedia
De 55 Meter héije Modell vun der Ariane 5

D'Cité de l'espace, „Weltallstad“, ass e Theemepark an der südfranséischer Stad Toulouse, der europäescher Haaptstad vun der Loftfaart a Raumfaart.

D'Cité de l'espace ass e wichtege kuckeswäerte Site vun Toulouse a gouf 1997 opgemaach. Si ass eng Mëschung aus Theemepark an Erliefnespark. Et gëtt vill Wëssenswäertes iwwer d'Sonnesystem, Satellitten bis zu der jéngster Weltraumstatioun duergestallt an zum Deel fir d'Ausprobéieren ugebueden.

Attraktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Scho vu wäitem gesäit een dee naturgetreien Nobau vun der Ariane 5, déi wéi déi richteg Rakéit 55 Meter héich ass. D'Ariane steet wäit iwwer den 3,5 Hektar grousse Park eraus. D'Ausstellungsfläch huet 20.000 m2

Am Haaptausstellungsgebai ass d'Entwécklung vun der Weltraumerfuerschurung z'entdecken an d'Fortschrëtter vun der Fuerschung nozevollzéien. Interaktiv Systemer stelle plastesch duer, wéi Satellitte gebaut an ausgesat ginn, wéie d'Wiedervirausso funktionéiert, wéi d'Telekommunikatioun d'Liewen erliichtert an d'Pionéier an all dëse Beräicher hir Erfindunge gemaach hunn. Modeller vu Mir-Modulle weise bis an den Detail d'Alldagsliewe vun den Astronauten.

En IMAX-Kino mat engem vun den ISS-Astronaute gedréinte Film, e Planetarium, an eng Welthallefkugel, an där een duerch eng dräidimensionaal Videoprojektioun an d'Vergaangenheet reest an d'Entwécklung vun der Äerd vum Urknall bis zu der Géigewart verfollege kann, gehéieren zu den Haaptattraktiounen.

D'Cité de l'espace gouf vun der Stad Toulouse an Zesummenaarbechtt mam Verkéiersministerium, dem Kulturministerium, der franséischer Raumfaartagentur CNES, EADS, ASTRIUM a villen anere realiséiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]