Op den Inhalt sprangen

Waassermeloun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Citrullus lanatus)
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Waassermeloun
An anere Sproochen fr: pastèque, melon d'eau
de: Wassermelone
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Dikotyledonen
Ënnerklass Rosopsida
Uerdnung Cucurbitales
Famill Cucurbitaceae
Ënnerfamill Cucurbitoideae
Gattung Citrullus
Wëssenschaftlechen Numm
Citrullus lanatus
(Thunb.) Matsum. & Nakai, 1916

D'Waassermeloun (Citrullus lanatus, oder Citrullus lanatus var. lanatus) ass eng Fruucht an eng Planzenaart aus der Gattung Citrullus (Waassermelounen), aus der Famill vun de Kürbisgewächser[1].

D'Waassermeloun kënnt ursprénglech aus dem südlechen Afrika[2].

D'Fruucht enthält vill Vitaminnen (А, Е, С, В1, В2, В6, В9, РР), Fruuchtzocker a Mineraler (Eisen, Kalium, Kalzium, Magnesium, Natrium, Phosphor an anerer). De physiologesche Brennwäert vun 100 g läit bei just 30 kcal[3].

2010 huet d'Volleksrepublik China 66.225.925 t Waassermeloune produzéiert (1. Plaz)[4]. Se gëtt zu Lëtzebuerg net an der Landwirtschaft produzéiert (Quell: FAO 1961–2014), gëtt awer am private Gaardebau gezillt[5].

 Commons: Waassermeloun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Archive copy Archivéiert de 04.10.2018. Gekuckt den 08.08.2016.
  2. Alphonse de Candolle. Origin of Cultivated Plants (1882) pp 262ff, s.v. "Water-melon". (fr) Text iwwer d'Waassermeloun
  3. Archive copy Archivéiert de 17.04.2016. Gekuckt den 09.08.2016.
  4. Archive copy Archivéiert de 05.04.2016. Gekuckt den 08.08.2016.
  5. Cf. https://www.ctf.lu/de/guide-du-jardin/pratique-du-jardinage/que-puis-je-planter-au-printemps