CityJet

Vu Wikipedia
CityJet
Thumb
Thumb
Grënnung: 1993[1]
IATA-Code: WX
ICAO-Code BCY
Ruffzeechen: CITY-IRELAND
Sëtz: Irland
Status: Limited
Flott: 38[2]
Destinatiounen: 19[2]

CityJet Limited ass eng Fluchgesellschaft déi der Grupp Air France-KLM gehéiert, an hire Sëtz zu Swords an der Grofschaft Dublin an Irland huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Se gouf 1993[1] vum Pat Byrne gegrënnt, den éischte kommerzielle Fluch ass 1994 op der Streck Dublin - London City-Airport gestart.

Zanter 2002 gehéiert CityJet der Air France a flitt europäesch Strecken ënner der Kommerzialisatiounsfluchummer AF fir d'Grupp Air France-KLM.

2008 gouf déi belsch Fluchgesellschaft VLM Airlines vu Cityjet geschléckt. VLM hat zu där Zäit e staarke Reseau op de Londoner City-Airport opgebaut, sou datt Cityjet no där Fusioun déi meescht Rotatiounen op deem Fluchhafen hat.

Nodeem schonn zanter iwwer engem Joer Rumeuren iwwer e geplangte Verkaf vu CityJet zirkuléiert sinn, koum den 20. Dezember 2013 d'Nouvelle datt den däitschen Investisseur Intro Aviation GmbH eng ferm Offer gemaach hätt an datt deen Deal am éischte Semester 2014 sollt iwwer d'Bün goen.[3],[4]

Destinatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Vun hirem Hub, dem London City-Airport, aus ginn 18 Stied ugeflunn:[2]

Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

CityJet setzt zwéin Typpe vu Fligeren an:[2]

den Turboprop Fokker 50, mat enger Flott vu 15, fir bis zu 50 Passagéier,
de véierstralegen Avro RJ85, mat enger Flott vun 23, fir bis zu 95 Passagéier.

CityJet zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'VLM Verbindung vum Findel op de City-Airport gouf och vu CityJet iwwerholl. Wärend enger kuerzer Zäit ass du CityJet ënner hirem eegene Code WX geflunn, duerno awer ënner AF. Op där Streck ass CityJet mat 18 Flich d'Woch de Konkurrent vu Luxair, déi awer 28 Flich opbréngt.[5]. Zesumme mat de Flich vu British Airways op Heathrow an easyJet op Gatwick ass London déi Stad déi am meeschte vu Lëtzebuerg aus ugeflunn gëtt.

No engem jorelaange Präiskrich tëscht den zwou Kompanien, CityJet a Luxair, gouf am Dezember 2013 annoncéiert, datt CityJet d'Verbindung Lëtzebuerg-London mam Enn vum Wanterfluchplang 2013/2014, also am Abrëll 2014 ophale géif.[6] Doropshin huet d'Luxair de 16. Januar 2014 ugekënnegt eng weider Rotatioun wärend der Woch op där Streck anzeféieren, sou datt se vum 31. Mäerz 2014 u sechs Flich an der Woch an zwéin um Weekend operéiert. Sou bleift London, grad wéi vridrun, déi Destinatioun déi am meeschte vum Findel aus ugeflu gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CityJet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 CityJet: Our history Gearchiveerd op 2014-02-27. Gekuckt de(n) 2013-12-22.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 cityjet.com Stand Dezember 2013
  3. reuters.com: Air France-KLM to sell CityJet to Germany's Intro Aviation, 20. Dezember 2013
  4. Planned disposal of Cityjet Communiqué op airfranceklm-finance.com
  5. Stand Dezember 2013
  6. Keine CityJet-Flüge mehr vom Findel nach London?, wort.lu 20. Dezember 2013