Claire Lademacher
Claire Lademacher | |
---|---|
Gebuertsnumm | Claire Margareta Lademacher |
Gebuer |
21. Mäerz 1985 Filderstadt |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Geschäftspersoun |
Famill | |
Bestuet mat | Félix vu Lëtzebuerg |
Kanner | Amalia vun Nassau, Liam vun Nassau |
D'Claire Margareta Lademacher, gebuer den 21. Mäerz 1985 zu Filderstad an Däitschland, ass d'Fra vum Prënz Félix vu Lëtzebuerg. Si dréit dofir zanter hirëm Bestietnes den Titel Prinzessin vu Lëtzebuerg, vun Nassau a vu Bourbon-Parma.
Déi Zwéi goufen de 17. September 2013 zu Königstein im Taunus (Hessen) an der Villa Rothschild bestuet. D'Hochzäit an der Kierch war den 21. September an der Basilika Sainte-Marie-Madeleine zu Saint-Maximin-la-Sainte-Baume am Departement Var a Südfrankräich.
De 15. Juni 2014 krut d'Koppel hiert éischt Kand, d'Amalia Gabriela Maria Teresa.[1]
Studium[änneren | Quelltext änneren]
Si ass dat zweet Kand vum Grënner vun der Softwarefirma LHS, Hartmut Lademacher, a senger Fra Gabriele. No der Primärschoul zu Usingen ass si am Alter vun eelef Joer mat hiren Elteren an d'USA ausgewandert, wou se hire Secondaire an der Atlanta International School ugefaangen huet.
1999 ass se mat hirer Famill zeréck an Däitschland geplënnert, wou se an der Frankfurt International School weiderstudéiert huet, fir dann hir lescht zwee Joer Secondaire an der Schwäizer Privatschoul Collège alpin Beau Soleil z'absolvéieren. 2003 gouf se do mam "Prize of Excellency" ausgezeechent.
Si huet duerno eng Lizenz an internationaler Kommunikatioun op der American University of Paris gemaach, dunn hire Studium 2007 ënnerbrach fir Beruffserfarungen zu New York a München beim Condé Nast Verlag am Departement Publicitéit an zu Berlin bei IMG World als Projetsmanagerin ze sammelen. Si huet vun 2009-2011 am Bioeethik- a Mënscherechtsberäich am Kommunikatiounsdepartement vun der UNESCO geschafft, a goung 2011 op Roum fir do e Master a Bioeethik um Pontificio Ateneo Regina Apostolorum unzefänken. No hirem Ofschloss summa cum laude huet se decidéiert do en Doktorat iwwer déi eethesch Aspekter vun der Averständneserklärung bei Organspenden ze maachen.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Nowuess um Haff: D'Prinzessin Amalia ass do." rtl.lu, Leschten Update: 16.06.2014, 08:44:39.