Claire Schmartz
Claire Schmartz |
---|
D'Claire Schmartz, gebuer 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Iwwersetzerin a Journalistin.[1]
2020 krut si eng Bourse vum Georges-Arthur-Goldschmidt-Programm für junge Literaturübersetzer:innen. Si lieft a schafft zu Berlin als literaresch Iwwersetzerin a fräi Journalistin.
Texter vun hir koumen ë. a. am Lëtzebuerger Land an an de Cahiers luxembourgeois eraus. 2022 huet si hiren éischte Roman, bug. 010000100101010101000111, publizéiert.
Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]
2017 krut si fir hir Erzielung Übertragungsneurosen den 1. Präis an der Katagorie "Jeunes auteurs" beim Nationale Literaturconcours.[2]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Fiche Claire Schmartz op hydreditions.eu (gekuckt 2022-11-08).
- ↑ Résultats du Concours littéraire national 2017. Communiqué op gouvernement.lu, 10.11.2017.