Claude Imbert

Vu Wikipedia
Claude Imbert
Gebuertsnumm Claude Arsène Pierre Imbert
Gebuer 12. November 1929
Quins
Gestuerwen 23. November 2016
16. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist

De Claude Imbert, gebuer den 12. November 1929 zu Quins am Departement Aveyron,a gestuerwen den 23. November 2016 zu Paräis, war e franséische Journalist.

Seng Carrière fänkt 1950 un, wéi e fir d'Agence France-Presse e puer Joer an Afrika schaffe geet. 1964 ass e Redakter an der Wochezäitschrëft L'Express, wou den Imbert vun 1966 u Chefredakter gëtt.

1971 verléisst en den Express, fir Chefredakter vu Paris-Match ze ginn.

D'Joer drop grënnt hie Le Point a gëtt do Direkter.

Zanter 1976 ass den Imbert Samschdes-Editorialist beim Radiosender Europe 1, nieft dem Jean Daniel an dem Serge July.

Bibliographie (Auszuch)[änneren | Quelltext änneren]

  • Ce que je crois, Grasset Ed.
  • Par bonheur, Grasset Ed.
  • À point nommé, Grasset Ed.
  • La Droite et la gauche, nieft dem Jacques Julliard, Julliard Ed.
  • Le Tombeau d'Aurélien, Grasset Ed.
  • La Pensée unique: le vrai procès, nieft dem Jean Foyer, Jacques Julliard, Philippe Tesson an dem Jean-Pierre Thiollet, Economica Ed.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]