Claude Turmes

Vu Wikipedia
De Claude Turmes

De Claude Turmes (*26. November 1960 zu Dikrech) ass e lëtzebuergeschen déi gréng- Politiker.

No sengem Lycée mécht hien 1983 eng Licence a Sporterzéiung zu Louvain-la-Neuve a gëtt 1986 Turnprof.

Säin Intressi gëllt awer och dem Ëmweltberäich: Zënter 1989 ass en am Mouvement Écologique aktiv. Tëschent 1995 an 1997 ass hie Sekretär vu Friends of the Earth Europe, enger Daachorganisatioun vun Ëmweltorganisatiounen. Säi Schwéierpunktthema ass d'Energiepolitik. Sou ass en tëscht 1995 an 1997 Vizepresident vun EUFORES, enger NRO, déi sech fir erneierbar Energien an Europa asetzt. Hie ass och zäitweileg President vun der Energiekommissioun vun der Stad Esch-Uelzecht.

Politesch engagéiert hie sech an der Partei Déi Gréng, op deer hirer Lëscht en 1999 an d'Europäescht Parlament gewielt gëtt.

E gëtt 2004 erëmgewielt an ass do Member vun der Fraktioun déi Gréng/Fräi Europäesch Allianz.