Cluj-Napoca

Vu Wikipedia
Cluj-Napoca
Land Rumänien
Awunner 286.598 (1. Dezember 2021)
Fläch 179,5 km²
Koordinaten 46°46'48"N, 23°33'34"O
Telefonszon 264
Postcode 400001–400930
Websäit http://www.primariaclujnapoca.ro


Cluj-Napoca (dt. Klausenburg, ung. Kolozsvár, lat. Claudiopolis) ass eng Stad an Nordwestrumänien an d'historesch Haaptstad vu Siwebiergen. Et ass d'Prefektur vum Departement (județ) Cluj an zanter 2011 déi zweetgréisst Stad vu Rumänien, mat 324.576 Awunner, hanner Bukarest a virun Timișoara a Iași.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Cluj läit um Schnëttpunkt vun den Apuseni-Bierger (Munții Apuseni), dem Héichplateau vun der Someș (Podișul Someșan) an dem Flaachland vu Siebenbürgen (Câmpia Transilvaniei). D'Alstad vu Cluj a seng zwéi gréisst Quartieren, Mănăștur a Mărăști leien um Floss Someșul Mic, wärend weider Quartieren op der Baach Nadăș leien. De Someșul Mic kënnt vu Südwesten, fléisst a Richtung Osten duerch Cluj an dréit dann no Norden, wou d'Flaachland vum Someș (Câmpia Someșană) ufänkt, dat zum Flaachland Siebenbürgen gehéiert. Den Nadăș kënnt vun Nordwesten a fléisst um Fouss vum Hiwwel Cetățuia ("Festung") an d'Someș. Am Norden an am Süde vu Cluj leien Héichte vun tëscht 500 an 825 m, am Norde sinn et d'Héichte vu Cluj an am Süden d'Héichte vu Feleac.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Cluj-Napoca, bis 1974 an nach haut dacks einfach Cluj genannt, steet op der Plaz vum réimesche Castrum Napoca, dee vum Keeser Hadrian zum Municipum erhuewe gi war. Am 10. Joerhonnert huet do e lokale Fierscht mam Numm Gelu regéiert, deem seng Buerg op der Plaz vun der haiteger Calvaria-Kierch am Quartier Mănăștur stoung. Am 13. Joerhonnert huet Cluj zum ungaresche Kinnekräich gehéiert. Zu där Zäit gouf d'Siidlung vun den Tataren zerstéiert a vun däitschen Awanderer, spéider "Sachse" genannt, nei gegrënnt. D'sächsesch Bevëlkerung huet sech awer séier ungariséiert, well d'Stad keen däitscht Hannerland hat.

No der Schluecht zu Mohács 1526 ass Siebenbürgen en eegestännegt Fürstentum ginn, deem säi Landtag sech ënner anerem zu Cluj versammelt huet. Um Enn vum 17. Joerhonnert hunn d'Habsburger d'Fürstentum Siebenbürgen eruewert. Den éischte Gouverneur vum Habsburger Siebenbürgen war de Grof György Bánffy, dee säi Palais zu Cluj hat, am Gebai, an deem haut de Clujer Konschtmusée ass. Vun 1867 bis 1918 war Siebenbürgen en Deel vum Kinnekräich Ungarn am Kader vun der Duebelmonarchie Éisträich-Ungarn. Am Jor 1894 sinn d'Cheffe vun der Rumänescher Nationalpartei (PNR) am Landtag-Gebai zu Cluj wéinst Ophetzung verurteelt ginn, well e Memorandum verëffenlecht gi war, dee se dem Keeser a Kinnek Franz Joseph I. iwwerreecht haten an an deem se d'Eegestännegkeet vum rumänesche Vollek am Kinnekräich Ungarn verlaangt haten.

Nom Zesummebroch vum Habsburgerräich Enn 1918 ass Siebenbürge vu rumäneschen Truppe besat ginn a mat dem Fridde vum Trianon un d'Kinnekräich Rumänien gefall. Mat dem 2. Wiener Schiidssproch vun 1940 huet Rumänien Nordsiebenbürge mat Cluj un Ungarn ofgetratt. D'Grenz tëscht Rumänien an Ungarn war just iwwer Cluj, um Hiwwel Feleac.

Wärend der ungarescher Besatzung ass d'jiddesch Bevëlkerung vu Cluj an e Ghetto zesummegedriwwen an duerno op Auschwitz deportéiert ginn; éischt antisemittesch Gesetzer gouf et awer schonn ënner der rumänescher Herrschaft. Zur selwechter Zäit ass d'rumänesch Bevëlkerung zwangsungariséiert ginn.

Nodeems Rumänien 1944 op d'Säit vun den Alliéierten iwwergetratt war, hunn d'rumänesch an d'sowjetesch Truppen d'Ungaren erëm aus Nordsiebenbürge verdriwwen. Mat dem Paräisser Friddensvertrag vun 1947 ass Nordsiebenbürgen definitiv u Rumänien komm.

1974 huet den Diktator Nicolae Ceaușescu aus nationalistescher Iwwerzeegung per Dekreet den dakeschen Numm "Napoca" un de rumäneschen Toponym "Cluj" drugehaangen.

Wärend der rumänescher Revolutioun vun 1989 sinn zu Cluj en ettlech Demonstranten erschoss ginn.

2015 war Cluj d'Europäesch Haaptstad vun der Jugend.

D'Méchelskierch

Haaptmonumenter[änneren | Quelltext änneren]

  • D'gotesch Méchelskierch, och fälschlecherweis Kathedral genannt, aus der 2. Hallschent vum 14. Joerhonnert, steet op der Haaptplaz vu Cluj, déi offiziell Piața Unirii (”Plaz vun der Unioun”) heescht. Nieft der Schwaarzer Kierch vu Brașov ass et den eenzege gotesche Monumentalbau a Rumänien. Iwwert dem Haaptportal sinn d'Wope vum Keeser Sigismund vu Lëtzebuerg ze gesinn, woubäi vum Keeserwope selwer nëmmen den ënneschten Deel iwwregbleift: Iwwert dësem Wope gouf eng Statu vum hellege Méchel ubruecht, mat enger Opschrëft, déi un d'Finalisatioun vun der Kierch am Joer 1444 erënnert. Den haitegen Tuerm, dee charakteristesch fir d'Kierch ass, ass eréischt am 19. Joerhonnert gebaut ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cluj-Napoca – Biller, Videoen oder Audiodateien