Constant de Muyser

Vu Wikipedia
Constant de Muyser
Gebuer 1851
Lëtzebuerg
Gestuerwen 1902
Köln
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Numismatiker, Ingenieur

De Sébastian Philippe Léonard Constant de Muyser, gebuer den 20. August 1851 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen den 19. Juni 1902 zu Köln, war en Eisebunnsingenieur an Numismatiker.

Vun 1874 bis 1876 huet hie säi Studium op der Königlich-Rheinisch-Westphälischen Polytechnischen Hochschule zu Oochen gemaach, déi hie mat engem Ingenieursdiplom ofgeschloss huet. An där Zäit war hien ee ganz aktive Member am Studenteveräin Corps Montania zu Aachen.[1]

1878 koum hie bei d'Compagnie des chemins de fer Prince-Henri, bei där hien 1888 "Chef de service de la traction et du matériel" zu Péiteng gouf.

Hien huet als akademische Mentor 1890 bei der Grënnung vun der Amicitia Luxemburgensis am Stater Quartier Pafendall an 1897 bei der Grënnung vum Akademischer Verein d'Lëtzebuerger zu Oochen gehollef[2].

1896 war hie Matgrënner vun der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Les rues de Luxembourg du 16e siècle par rapport à celles d'aujourd'hui, in: Publications de la Section Historique, tome 44, Lëtzebuerg, 1895
  • Carte des chemins de fer et des bassins miniers de Longwy-Differdange-Belvaux et d'Esch-Rumelange-Dudelange (1: 10000)
  1. Franz Ludwig Neher: Das Corps Montania zu Aachen, 1872-1957, 1957, S. 114
  2. http://www.aachen.lu/avlhistory/personen/register/demuyser_constant/