Op den Inhalt sprangen

Country Radio Gilsdorf

Vu Wikipedia
Country Radio Gilsdorf
Allgemeng Informatiounen
Typ Lokalradio
Rechtsform Association sans but lucratif
Land Lëtzebuerg
Sëtz Gilsdref
Geschicht
Ufanksdatum 2018
Gestioun
RCS F12059
Empfang
Frequenz 103,9 MHz

Country Radio Gilsdorf (CRG) ass e lokale Radiosender zu Lëtzebuerg, dee vun enger Asbl mam selwechten Numm bedriwwe gëtt.[1]

E sent zanter 2018, ufanks op der UKW-Frequenz 94,7 MHz, haut op 103,9 MHz, an ass am Norde vum Land an engem Streech tëscht Miersch, Jonglënster a Wäisswampech, z'emfänken.

De Sender gouf vum Frank Schuller zesumme mat zwéin Anere gegrënnt. De Studio war ufanks an engem Gaardenhaischen zu Gilsdref. Haut ass en zu Brouderbuer, och an der Gemeng Bettenduerf.

De Radio spillt, wéi den Numm et noleet, virun allem Countrymusek, ma och Bluegrass, Rock'n'Roll a Blues. Geleeëntlech gi ganz Sendungen aus den USA oder aus Kanada iwwerholl. E sent vu mueres 10 bis owes 10 Auer (Stand 2024).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. All Informatiounen iwwer dësen Artikel, wou net anescht uginn: Claude Molinaro: "Musik aus den Südstaaten für Luxemburgs Norden." tageblatt, 30.12.2024, Nr.304, S.15.