Côte de la Roche-aux-faucons
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Belsch | ||||
Héicht (Depart) | 80 m | ||||
Héicht (Arrivée) | 220 m | ||||
Längt | 4.400 m | ||||
Ufank | Méry | ||||
Enn | Boncelles | ||||
Denivellatioun | 140 m | ||||
Pente (Moyenne) | 5,4 % | ||||
Pente (Maximum) | 14 % |
D'Côte de la Roche-aux-faucons ass e Stouss an der Provënz Léck an der Gemeng Esneux deen zanter 2008 op der Streck vu Léck-Baaschtnech-Léck steet.
En ass um km 246 an et geet 4,4,6 km biergop mat enger Pente vu 5,4 %, dovun 1.300 m mat 11 %. De Stouss ass méi kuerz wéi d'Opfaart op de Sart-Tilman déi en ersetzt dofir awer vill méi géi an d'Strooss ass plazeweis ganz schmuel. 2013 gouf e wéinst Stroossenaarbechten net gefuer.
De Stouss fänkt an der klenger Uertschaft Méry un, gläich nodeem d'Strooss d'Barriär vun der Linn 43 passéiert huet. Vu Méry-haut u geet et da manner géi erop bis op Hony wou de géisten a schmuelsten Deel ufänkt. Nom Plateau vun Avister kënnt nach e leschte géie Stouss deen no bei der Roche-aux-faucons ufänkt, fir dann op d'Waasserscheed Ourthe-Meuse bei Boncelles ze féieren. Vun do aus geet et dann nees biergof bis op Ougrée