D'Bliedchen

Vu Wikipedia
Juli - August - September 2007

D'Bliedchen ass en Informatiounsblat vum Syndicat d'Initiative et du Tourisme de la Commune de Kayl - Tétange (S.I.T.C.K.). Et besteet zanter Januar 1993.

De Layout an déi meescht Texter ginn zanterhier vum Jos von Graes (President vun 1984-2018) gemaach. Aktuell schaffen an der Redaktioun follgend Mataarbechter un der Lokalzeitung: Doris Parrasch-Wadlé (Presidentin vun 2018 un), Raymond Mahr, Norbert Kremer, Guy Assa a Jos v. Graes.

D'Bliedche kënnt all dräi Méint eraus. D'Veräiner an och Privatleit kënnen hir Messagë gratis publizéieren (d'Entscheedung läit a leschter Instanz beim Comité vum SITCK). Bezuelt mécht sech dat 60 Säiten staarkt Informatiounsblat (Oplo zanter 2017: 4400 Stéck, duerch d'Inserenten an e Subside vun der Gemeng.

Zanter dem Joer 2014 kann een d'Bliedchen och digital op der Websäit vum S.I.T.C.K. liesen.

D'Bliedche feiert am Joer 2017 25 Joer an d'Nummer 100 kënnt am Januar 2018 eraus. Déi 100. Oplo ass mat enger Expositioun an engem Concours zu Téiteng am Centre culturel "Schungfabrik" verbonnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]