D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Organization template.gif Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher[1] (offiziell D'Georges Kayser Altertumsfuerscher asbl), gekierzt G.K.A., ass e lëtzebuergesche Veräin mat Sëtz zu Nouspelt, deen den 28. Dezember 1989 gegrënnt an nom Altertumsfuerscher Georges Kayser (1916-1988) genannt gouf.[2] Wéi den Numm et scho seet, bréngt de Veräi Leit zesummen, déi sech fir Altertumsfuerschung an Archeologie interesséieren. Déi meescht Zäit grueft de Veräin bei der Réimervilla vu Giewel. De Veräin huet ronn 1200 Memberen.[3]

De Veräin huet am Joer 1991 ënner dem Titel Den Ausgriewer: Zeitung vun den D'Georges Kayser Altertumsfuerscher eng Publikatiounsserie ugefaangen, déi reegelméisseg erauskënnt.

De Veräi bedreift op sengem Sëtz zu Nouspelt den Ausgriewermusée [4], an dem original Fondstécker vun der Steenzäit bis zur Réimerzäit ausgestallt sinn.

All Joer organiséiert de Veräi fir seng Memberen e Jugendcamp vun enger Woch bei der Réimervilla vu Giewel.

Am Fréijoer 2016 huet de Veräin e gutt beschëlderten Trëppelwee ageweit, dee vun der Réimervilla zu Giewel bis bei déi 1966 ausgegruewe keltesch Adelsgriewer an der "Scheierheck" féiert. En Deel vun de Griewer gouf nei amenagéiert an et ass och geplangt am Hierscht eng Grafkummer nei opzebaue fir datt ee sech eppes Konkretes ka virstellen.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Adam J & G Bombled [Red.] 2005. Auf den Spuren der Vergangenheit: 1989 - 2004 Nospelt: D'Georges Kayser Altertumsfuerscher, 2005, Niederanven, Ossa. 331 p.: ill. ; 24 cm. [Auteuren: Joël Adam, Michel Baudet, Jacques Bonifas, Vic Lippert, Morgane Richard ; Bäiträg: Manfred Kunter, Jean Krier, Franziska Dövener, François Reinert]
  • Fuchs V 2011. Tausende Splitter weisen den Weg. Saarbrücker Zeitung / St. Wendeler Zeitung, Nr. 225: C1 vom Dienstag 27. September 2011.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • www.gka.lu - Internetsäit vum Veräin D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fir de Lemma vum Artikel gëtt déi korrekt Schreifweis benotzt.
  2. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C Nr. 280: 13411, 1990 [net online op legilux.lu]
    Grënneungsmembere waren: Jempy Muller, Thierry Biver, Claude Bonifas, Jacques Bonifas, Rene Gary, Martine Hoffelt- Defobis, Armand Lehnert, Vic Lippert, Ed. Kandel, Paul Komor, Louis Kayser, Änder Noesen a Frank Reinert.
  3. Cf. Fuchs 2011 an der Literatur.
  4. Op Nr. 2 an der Rue d'Olm zu Nouspelt.
  5. Luc Ewen: Die historische Grabanlange von Goeblingen-Nospelt - Den Kelten auf der Spur am Luxemburger Wort vum 27. Mee 2016, S. 27