Daniel da Mota
(Virugeleet vu(n) Daniel da Mota Alves)
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Daniel da Mota | |
---|---|
Gebuer |
11. September 1985 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Politiker |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 177 Zentimeter |
Veräin/Ekipp |
FC Etzella Ettelbréck, F91 Diddeleng, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Partei | ADR |
Den Daniel (Dan) da Mota Alves,[1] gebuer den 11. September 1985 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]
Hien huet vun 2001 bis 2008 beim FC Etzella Ettelbréck gespillt an zanterhier ass hie beim F91 Diddeleng.[3]
Zanter dem 2. Juni 2007 spillt hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp.[1]
2010/11 war hie Foussballspiller vum Joer.
Politik[änneren | Quelltext änneren]
Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war den Dan da Mota Kandidat op der Lëscht vun der ADR am Zentrum. Hien ass awer net an d'Chamber gewielt ginn[4].
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 Lëscht vun de Lännermatcher vum Daniel da Mota op der Websäit european football
- ↑ Portrait vum Daniel da Mota op der Websäit vun der UEFA
- ↑ Portrait vum Daniel da Mota op der Websäit vun National Football Teams
- ↑ Patrick Besch, Promis im Wahlkampf op wort.lu de 17. Oktober 2018 an an der Drockversioun vum Wort vum 18. Oktober 2018, Säit 2, ënner dem Titel „Mäßiger Erfolg“.