Dawid Fjodorowitsch Oistrach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) David Oistrach)
Dawid Fjodorowitsch Oistrach
Gebuertsnumm Давид Фёдорович (Фишелевич) Ойстрах
Gebuer 17. September 1908 jul.
Odessa
Gestuerwen 24. Oktober 1974
Amsterdam
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetunioun
Educatioun Conservatoire vu Moskau
Aktivitéit Dirigent, Universitéitsprofesser, Violonist, Musekspedagog, Museker
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Akademie der Künste der DDR, American Academy of Arts and Sciences

Den Dawid Fjodorowitsch Oistrach (Russesch: Давид Фёдорович Ойстрах), gebuer de 17. Septemberjul./ 30. September 1908greg. zu Odessa a gestuerwen de 24. Oktober 1974 zu Amsterdam, war e sowjetescher Violonist

Hie war ee vun de bekanntste klassescher Museker aus der Sowjetunioun. Seng international Carrière goung un, wéi en 1937 de Concours Musical Reine Elisabeth zu Bréissel gewonnen hat. Hien ass, nom Zweete Weltkrich, reegelméisseg am Westen opgetrueden, an huet doriwwer eraus an der Sowjetunioun iwwer 100 Concerte ginn an ausserdeem um Tschaikowski-Conservatoire zu Moskau enseignéiert.

1969 huet hien zuBerlin mam Mstislaw Rostropowitsch a mam Swjatoslaw Richter d'Tripelkonzert vum Ludwig van Beethoven ënnert der Leedung vum Herbert von Karajan opgeholl. Hie war de Solist bei de Premièrë vu munnechem Concert fir Gei, ë. a. vum Aram Chatschaturjan, Nikolai Mjaskowski an dem Dmitri Schostakowitsch. Ausserdeem huet hien als Spezialist fir d'Violoinconcerte vum Sibelius, Tschaikowski a Prokofjew gegollt. Dernieft war hien e gefrote Kammermuseker.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dirk Nabering: David und Igor Oistrach, (Berlin, Rembrandt Verlag, 1968)
  • Evelyn Richter: David Oistrach. Ein Arbeitsporträt. (Henschel-Verlag, Berlin 1973) Fotografien von Evelyn Richter mit einem Essay von Ernst Krause
  • Ingeborg Stiehler: David Oistrach: Begegnungen (Edition Peters, Leipzig 1989)
  • Tully Potter: David Oistrach, CD-Booklet, 1997, Edition Testament, England

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: David Oistrach – Biller, Videoen oder Audiodateien