Deborah De Robertis

Vu Wikipedia
Deborah De Robertis
Gebuer 12. Februar 1984
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Frankräich
Educatioun Cité internationale des arts,
École de recherche graphique
Aktivitéit Bünekënschtler, Fotograf


D'Deborah De Robertis, gebuer den 12. Februar 1984 zu Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Performance-Kënschtlerin.

Si huet op der École de recherche graphique zu Bréissel studéiert. An hire Performancë stellt si Traditiounen a Konventiounen a Fro, wéi d'Relatioun tëscht Mann a Fra, tëscht Kënschtler a Kurator resp. Galerist, asw.

Vu September bis November 2013 hat s'eng Artiste-Residenz an der Paräisser Cité Internationale des Arts, fir déi si vum Lëtzebuerger Kulturministère ausgewielt gi war[2].

Hir bekanntst Performance bis ewell ass déi, déi se Miroir de l'origine nennt. Als Referenz op oder als Reverenz fir dem Gustave Courbet säin Tableau L'origine du monde huet si sech viru Konschtwierker a Muséeën (wéi z. B. dem Mudam) ouni Béxelche fotograféiere gelooss[3]. 'Héichpunkt' vun där Serie war den 29. Mee 2014 am Musée d'Orsay, wou si sech mat de Been ausernee virun dem Courbet säi Bild gesat huet, an d'Reaktioune vun de puer Visiteuren, déi zoufälleg do waren, an dem Sécherheetspersonal, filme gelooss huet[4],[5],[6].

Bei enger anerer Performance den 31. August 2018, huet si zu Lourdes virun der Grott vu Massabielle poséiert an hat dobäi just e bloe Voile un, deen de Kapp an de Réck bedeckt hat[7]. Si gouf festgeholl a krut de Prozess wéinst exhibition sexuelle gemaacht. Am August 2020 gouf si zu enger Geldstrof verurteelt[8].[9]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (Clémentine Gallot) Deborah De Robertis: nue debout. next.liberation.fr (02.01.2017). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  2. "Deborah De Robertis est sélectionnée pour la résidence d'artiste 2013 à la Cité internationale des arts de Paris." Ministère de la Culture, Grand-Duché de Luxembourg, mc.public.lu, Juli 2013.
  3. Benjamin Sutton "Artist Enacts Origin of the World at Musée d'Orsay — And, Yes, That Means What You Think." op Artnet.com, 2014-06-05.
  4. Katherine Brooks: Performance Artist Does Impromptu Reenactment Of 'The Origin Of The World.' Yes, THAT Painting. The Huffington Post Art & Culture, 6. Juni 2014]
  5. "Nue devant L'Origine du Monde: «On a pris ça au sérieux»." Le Figaro, 6. Juni 2014.
  6. "Une performance artistique qui pose question. «Miroir de l'Origine»: de l'art ou pas?", wort,lu, 4. Juni 2014.
  7. D'Kënschtlerin huet sech zu Lourdes plakeg presentéiert. www.rtl.lu (02.09.2018). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  8. De Robertis zu Geldstrof vun 2.000 € verurteelt, d'Hallschent dovun op Sursis. www.rtl.lu/ (06.08.2020). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  9. Pierre Sorlut (ps), 2020. Der Sündenfall in Lourdes. d'Lëtzebuerger Land vum 7. August 2020, Nr. 32, S. 15.