Decimus Magnus Ausonius

Vu Wikipedia
Decimus Magnus Ausonius
Gebuer 310
Bordeaux
Gestuerwen 395
Langon
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Politiker, Militär
D'Ausonius-Monument vum Giovan Pietro Lasagna zu Mailand un der Fassad vun der "Scuole palatine" op der Piazza Mercanti

Den Decimus Magnus Ausonius war e Gallo-réimeschen Erzéier vu Prënzen an en Dichter, deen ongeféier vun 310 bis 393 gelieft huet.

Den Ausonius koum ëm 310 zu Burdigala, dem haitege Bordeaux, als Jong vun engem Dokter op d'Welt. Seng Mamm staamt aus enger adleger Famill vun de fréier kelteschen Häduer. Vun 345 u war den Ausonius zu Burdigala Schoulmeeschter fir Grammaire a Rhetorik. De réimesche Keeser Valentinian I. huet en 365 op seng Residenz op Tréier geruff, als Erzéier vu sengem Ierfprënz Gratian. 368 huet hien, no engem Feldzuch, d'Alamannen-Meedche Bissula als "Belounung" geschenkt kritt; hatt huet en zu engem Lidderzyklus inspiréiert.

370 gouf den Ausonius zum Comes an 375 Quaestor sacri palatii ernannt. Am Joer 378 gouf e Prefet vu Gallien an 379 Konsul. Nodeem de Gratian 383 ermuert gi war, ass den Ausonius hannescht a seng Heemecht op d'Land wunne gaangen an huet do virun allem geschriwwen.

393 oder och 394 ass hien zu Burdigala gestuerwen.

Mosella[änneren | Quelltext änneren]

A senger Dichtung Mosella aus dem Joer 371, déi aus bal 500 Hexametere besteet, beschreift den Ausonius d'réimesch Militärverbindung vu Bingen op Tréier, op där en 368 gereest ass, an zielt d'Schéinheete vun der Landschaft laanscht d'Musel op. Dës Strooss heescht haut Ausoniusstraße.

De Robert Bruch huet d'Mosella op Lëtzebuergesch iwwersat.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Mosella
  • Lidderzyklus op d'Alemannen-Meedche Bissula
  • Versus Paschales, en Ouschtergebiet fir de Valentinian I.
  • Bréifwiessel mat sengem Frënd Paulinus

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Bruch, 1959. "Dem Decimus Magnus Ausonius seng Rees op d'Musel. Op lëtzebuergesch erzielt vum Robert Bruch." In: Mosella. Eis Musel zur Réimerzäit. Schwebsingen 1959, S.11-70. Illustratioune vum Ben Heyart.
  • Otto Schönberger, 2000. Ausonius. Ed.: Mosella, Reclam, Ditzingen. De laténgeschen an den däitschen Text.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.
Commons: Ausonius – Biller, Videoen oder Audiodateien