Deisermillen

Vu Wikipedia
Deisermillen
Op der Deisermillen, a Richtung Norde gekuckt
Aussprooch
An anere Sproochen de: Deisermühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Schabloun:Wuermeldeng
Buergermeeschter Max Hengel (CSV)
Koordinaten 49° 36’ 47’’ N
      06° 25’ 27’’ O

Deisermillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Wuermeldeng.

Geographie

Deisermillen läit laanscht d'Wäistrooss, un der N10, tëscht Maacher a Meechtem, op enger Héicht vun 139 m iwwer N.N.. De Lieu-dit läit südëstlech vun der fréierer Millen, déi den Numm ginn huet. Nobäi ass d'Naturschutzgebitt Kelsbaach.

D'Millen

D'Deisermillen (op der Ferrariskaart vu 1777 als Dieser Muhl vermierkt, spéider och "Deysermühle" geschriwwen)[1], war eng fréier Millen, déi duerch d'Waasserkraaft ugedriwwe gouf. Méi genee war et e ganze System vu Millen, deen d'Waasserkraaft bis op déi lescht Drëps ausgenotzt huet. Aus aacht Quelle si bis zu véier Millen ugedriwwe ginn. Am ieweschten Deel ass d'Millerad vun der d'Kallek- an Uelegmillen a Bewegung gesat ginn. Vun do aus huet d'Waasser d'Loumillen, wou Gierfstoff fir Lieder hiergestallt ginn ass, a schliisslech d'Karmillen op der Muselstrooss, ugedriwwen.

Am Dezember 1964 gouf d'Deisermillen vun engem Äerdrutsch zerstéiert.[1]

Haut dréit nach en Horeca-Betrib den Numm virun.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Deisermillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. 1,0 1,1 "Deisermühle" op industrie.lu.