Op den Inhalt sprangen

Didier Lockwood

Vu Wikipedia
Didier Lockwood
Gebuertsnumm Didier André Paul Lockwood
Pseudonym Didier Lecoude, Stöth Malawëlëkaahm
Gebuer 11. Februar 1956
Calais
Gestuerwen 18. Februar 2018
18. Arrondissement
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École Normale de Musique de Paris
Aktivitéit Komponist, Violonist, Jazzmuseker, Filmkomponist
Famill
Bestuet mat Caroline Casadesus
Kanner Mathilde Lockwood

Den Didier Lockwood, gebuer den 11. Februar 1956 zu Calais, a gestuerwen den 18. Februar 2018 zu Paräis, war e franséischen Jazz-Violonist a Komponist.

De Lockwood huet eng 30 Albume publizéiert a bal 4500 Concerte ginn. Hien huet a Bands wéi Surya a Magma matgespillt, souwéi mat Dosende vun aneren Jazz-Museker a -formatiounen, wéi den Dave Brubeck, de Billy Cobham, de Stéphane Grappelli, de Miles Davis, de Michel Petrucciani, den Herbie Hancock, oder de Mike Stern.

A senge leschte Joren huet hien och als Komponist geschafft: de Concert fir Gei Les Mouettes, eng Jazz-Oper Journal d'un Usager de l'Espace II, e Pianosconcert, nach e Concert fir Gei fir de Maxim Wengerow, an d'Oper Libertad.