Die neue Zeit (1936-1940)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der antifaschistescher lëtzebuergescher Zeitung vun 1936-1940. Fir aner Zeitunge mat deem Numm, kuckt wgl. Die neue Zeit.

Die neue Zeit war eng Zeitung, déi zu Lëtzebuerg tëscht dem 1. Oktober 1936 an dem 1. Mee 1940 eemol am Mount erauskoum. Den Titel knäppt un déi Zeitung mam nämmlechten Numm un, déi tëscht 1911 an 1914 erauskomm ass. Wéi si war se lénksliberal an huet och ëmmer nees virum Nationalsozialismus an Antisemitismus gewarnt.[1]

Si huet déi direkt Nofolleg vun Das freie Wort, dem Organ vum Fräidenkerbond ugetrueden, a gouf vum Nicolas Molling erausbruecht, deen och Editeur vun der satirescher Zeitung De Mitock war. Si huet sech weiderhin fir Demokratie a géint d'Maulkuerfgesetz agesat, a sech mat der Aussepolitik vun der Regierung kritesch ausernee gesat.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. S.194.