Diepert

Vu Wikipedia
Diepert
Diepert am August 2010
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Burg-Reuland
Koordinaten 50° 10’ 42.97’’ N
      06° 09’ 52.70’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4790

Diepert ass eng Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland am Südoste vun der Provënz Léck un der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Diepert zu der fréierer Gemeng Reuland gehéiert.

Zu Diepert gëtt et nëmmen een Haus. Dat ass eng Wiertschaft déi zanter Generatiounen an den Hänn vun der Famill Schroeder ass.

Bis 1925 ass d'Grenz tëscht der Belsch an Däitschland queesch duerch d'Haus gelaf. De Peter Schroeder huet sech du missen entscheeden, ob e wéilt déi belsch oder déi däitsch Nationalitéit hunn. Hien huet sech fir déi belsch decidéiert, an d'Grenz gouf du just nieft d'Haus op der däitscher Säit verluecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diepert – Biller, Videoen oder Audiodateien