Dino Attanasio

Vu Wikipedia
Dino Attanasio
Gebuertsnumm Edoardo Attanasio
Gebuer 8. Mee 1925
Mailand
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Comicauteur, Illustrateur


Den Dino (Edoardo) Attanasio, gebuer den 8. Mee 1925 zu Mailand, ass en italieenesche Comiczeechner an Zeenarist, deen a senger Heemechtsstad Milano opgewuess ass.

1948 goung hien an d'Belsch, wou en direkt als Animateur mat Schaffen ugefaangen huet. Scho kuerz duerno huet en am Magazin Tintin d'Chance kritt fir ze publizéiren. Bis 1968 sinn am Tintin verschidde Comicgeschichte vun him erauskomm. Säin éischte grousse Erfolleg hat hie mat der BD "Signor Spaghetti", déi vum René Goscinny an Zeen gesat gouf a sech am Laf vun de Joren zu engem Evergreen entwéckelt huet.

Den Dino Attanasio ass och nach an aneren Illustréierten a Comicmagaziner publizéiert ginn, z. B. am Petits Belges, am Line an och am Spirou, wou hien e puer vun de belles histoires de l'oncle Paul gezeechent huet.

Donieft war hien ee vun den éischten Illustrateure vun der Kollektioun Marabout Junior. An där Täschebuchkollektioun fir déi Jonk huet hien 1953 als Éischten dem Henri Vernes seng Romaner vum Bob Morane illustréiert an och d'Bicherdeckele gezeechent. 1959 koum de Bob Morane als Bande dessinée eraus mat dem Dino Attanasio erëm als Éischten Zeechner. Duerno hu seng Confrèren de Gérald Forton, William Vance a Coria d'Serie weidergefouert.

Wéi den André Franquin an den 1960er Jore mat senger Serie Modeste et Pompon opgehalen huet, ass den Dino Attanasio domat weidergefuer.

Nodeem en den Tintin verlooss hat, ass en an Holland gaangen an huet do nieft senge Kontributiounen a verschiddene Blieder ganz besonnesch fir de Comicmagazin Pep geschafft. Do huet en op Zenarie vum Martin Lodewijk, deen och fir den Don Lawrence d'Zenarie vum Storm geschriwwen huet, a Patty Klein, eng Serie vu Gangstergeschichte gezeechent. Duerno koumen zesumme mam Yvan Delporte um Zenario de Bandoneon an a Kooperatioun mam Dick Matena, De Marconi's eraus. 1974 huet den Dino d'Geschichte vum "Spaghetti" relancéiert.

1990 huet en eng ganz perséinlecher Adaptioun vum Giovanni Boccaccio sengem Il Decamerone ugefaangen an 1991 färdeggestallt.

Den Dino Attanasio ass quasi op all Comicfestival souwuel a Frankräich wéi an der Belsch ze begéinen an och e reegelméissege Gaascht zu Conter um Comic Festival.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1960-1963 Bob Morane
  • 1961 Signor Spaghetti
  • 1964 Modeste et Pompon
  • 1979 Ambroise et Gino
  • 1979 Bandonéon
  • 1979 Bob Morane
  • 1979 Flash-back et la 4e dimension
  • 1979 Johnny Goodbye
  • 1983 Le soleil des damnés
  • 1984 Il était une fois dans l'oued
  • 1991 Le Décaméron
  • 1997 Jimmy Stone
  • 2002-2006 Les Meilleurs récits de D.A.
  • 2006 Candida

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]