Diskussioun:Éisleker Ham

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Soll een dat alles gleewen, wat hei vun der en:Wiki iwwersat gouf? Wou kommen déi un déi komesch Informatiounen? --Les Meloures (Diskussioun) 15:54, 8. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Wann ech dat richteg verstanen hunn dréint et sech just ëm geographesche Label, an net ëm e Qualitéitslabel wéi z.B Marque nationale? --Les Meloures (Diskussioun) 16:23, 8. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

D'en-wiki huet hir Informatioune vun engem anere Wikiprojet, deen awer och keng Quellen nennt, a well et leider Gottes soss glat a guer keng Source um Internet doriwwer gëtt (an ech och kee kennen deen dat wësse kéint) hunn ech et iwwerholl (jo, zwee Wierder hat ech vergiess z'iwwersetzen ;-))
Jo, et geet just ëm dat wat se op Franséisch "Indication géographique protégée" nennen, net ëm d'Qualitéit. Leider ass d'EU-Datebank "DOOR" momentan down, dofir konnt ech dat bis ewell nach net kontrolléieren. --Otets 12:01, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ech fannen et just schlecht wann ee sou Rezepter iwwerhëlt, déi menger Meenung kee Kapp a kee Schwanz hunn. Als Tourimusmarketing kann dat wuel goen, sou eppes huet awer op enger Enzyklopedie näischt verluer. Éier een sou eppes vu sech gëtt soll ee mol vläicht mat engem Metzler schwätzen. Dofir hunn ech och am Artikel no enger Quell gefrot. --Les Meloures (Diskussioun) 13:05, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
D'Tourismussäiten hunn all net esouvill Infoe wéi déi Iessenswiki do. Ech kenne Fleeschvendeuren, mee hautdesdaags wéisst ech net wou ech nach e richtege Metzler sollt siche goen. Ech soe jo net et wier ideal d'en-wiki ze kopéieren, mee faute de mieux... Schéngt et där dann esou onplausibel ze sinn? --Otets 13:34, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]


--Traditionell goufen dës Hame fir e puer Deeg a Kraider an Esseg marinéiert -- Dat hunn ech a mengem ganze Liewen nach net héieren an ech sinn an zimmlech ville Wurschtkiche gewiescht. A wou soll déi Traditioun hierkommen a firwat gëtt se dann net méi weidergefouert. E puer Deeg géifen och knapps duergoen fir datt d'Solper an déi ganz Ham zitt. Doriwwer eraus muss ech soen datt d'éisleker Ham och nëmme just eng normal réi Ham ass a just geographesch ofgegrenzt ass sou wéi de belsche Jambon d'Ardenne dee ganz genee d'selwecht schmaacht an och vu Schwéngshame gemaach gëtt. Et ass deemno mol net eng regional Spezialitéit déi sech duerch eng speziell Behandlung vun aneren ofgrenzt. D'réi Ham vun der Marque Nationale oder aus soss engem Hamebtrib mécht do keen Ënnerscheed. --Les Meloures (Diskussioun) 14:57, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]


Moien,

Vun engem Label "Éisleker Ham" hunn ech nach nie eppes héieren. Et gëtt awer eng PGI "Salaisons fumées, marque nationale grand-duché de Luxembourg" (Quell).

Ech huelen un datt vill vun där "Éisleker Ham", déi an de Restauranten zervéiert gëtt, vun Nidderkäerjeng oder vu Stengefort kënnt.--Fliedermaus (Diskussioun) 15:25, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]


Ech fannen et schonn echt: Mer wëssen näischt prezises, den Auteur kuckt net no ob et dee Label wierklech gëtt, da kréie mer nach komesch Solperrezepter, déi Traditioun sollen hunn, dohinner gesat, mer wëssen net datt et eng Haascht ass wou d'Leit hir Hamen an Zossissen ophänken, aus dem Reezhaische gëtt e Reezuewe gemaach, an aus dem Bichen a Eechesemiel gi beech and oak pellets gemaach. Ech hoffen den Éisleker Label daucht op soss war dat Ganzt hei fir d'Kaz mat vill Gespréich an dat nëmme just well mer menge mer missten eppes bei den Englänner ofschreiwen, wat vun engem Kicheketty op Mycuisine gesat gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 16:53, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

och wann et frustréierend ka sinn, fir näischt geschriwwen ze hunn: deen Artikel gehéiert geläscht. Soss kënne mer mar ufänken, iwwer Mëllerdaller Kallefskoteletten oder Minetter Gromperepuree ze schreiwen... --Zinneke (Diskussioun) 19:01, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,
Et gët warscheinlech eng gutt Quell wou ee méi genaues iwer d'Éislecker Ham fënnt. D'Ketty Thull huet emol e Buch iwer d'Konservéierung vu Liewensmëttel erausginn: Ratgeber für die Luxemburger Hausfrau beim Konservieren der Nahrungsmittel. Do sin Informatiounen dran iwwer d'Pökelen a Räucheren. D'Buch ass an zwou Ausgaben (1937 a 1946) disponibel an der Nationalbibliothéik. Ech ka mer et bei mengem nächste Besuch do ukucken, oder et mecht soss een et.--MMFE (Diskussioun) 20:20, 9. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, Ech mengen net, datt s'am Eislek anescht solperen a reezen wéi soss doruechter. Souguer wann: Et geet drëms op iergendwous, iergendeen definiéiert huet wat eng 'Eisleker Ham' ass, a wat do anescht drun ass wéi un aneren. Alles anescht ass wischiwaschi. Et ass op jidfer Fall keng europäesch geschützte geographesch Appellatioun. An anere Wierder: jiddereen dierf iergend eng Ham esou nennen, déi vun iergendwous hier kënnt, a jiddereee ka sech eppes anescht drënner virstellen. Esou eppes kann ee vläit op eng Menuskoart setzen, awer net an eng Enzyklopedie. PS: Wéi Ham preparéiert gëtt, steet (a kann ausgebaut ginn) am Artikel Ham (Fleesch). --Zinneke (Diskussioun) 06:26, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Eee schéine gudden, Da wier d'Alternativ zum Läschen eigentlech:
Éisleker Ham ass keng europäesch oder sosswéi geschützte geographesch Appellatioun. An anere Wierder: jiddereen dierf iergend eng Ham esou nennen, déi vun iergendwous hier kënnt, a jiddereee ka sech eppes anescht drënner virstellen. Kuckt och: Ham (Fleesch)
Plus eng Foto vun engem Menusschëld. --Jwh (Diskussioun) 07:17, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]


Näischt fir ongutt, mee: Et ass net de Sënn vun enger Enzeklopedie, ze beschreizen, wat net ass, mee wat ass. Esou lues fänkt dës Diskussioun un, surreal Zich ze kréien. --Zinneke (Diskussioun) 07:50, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
Moien,
Et kéint een och en Artikel iwwer d'"Schwéngereie" vun der Marque Nationale schreiwen: Marque nationale de la viande de porc et des produits transformés--Fliedermaus (Diskussioun) 07:43, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
Net "och", mee, jo, do ass eppes mat engem objektive Critère, deen en Artikel rechtfertegt.
Fazit: Dat hei läschen, en Artikel Marque nationale fir Schwéngefleesch a Schwéngefleeschprodukter dovun (oder wéi een en och ëmmer nenne géif), uleeën. OK? --Zinneke (Diskussioun) 07:52, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Gudde moien, Ech setzen dann och mol kuerz mäi Pefferkär hei bäi, als objektiven Observateur. Ass en Artikel iwwert lëtzebuerger Schwéngefleeschprodukter iwwerhapt néideg? Am Artikel Ham (Fleesch) ass rieds vun "Eng zu Lëtzebuerg an an der Belsch, bekannte réi Ham, déi op déi Aart a Weis produzéiert gëtt, ass d'Ardenner Ham oder Jambon d'Ardennes. Hame vu gudder Qualitéit an déi zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, kommen ënner dem Label Marque Nationale op de Maart.", mMn brauch ee just deen Artikel ze ergänzen. -- 213.31.217.84 08:00, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Well och aner Charcuterie wéi Gesolpertes, gereezte Speck, asw ënner dee Marque-nationale-Label fällt wéi just Ham hätt deen Artikel scho seng Daseinsberechtegung. --Zinneke (Diskussioun) 08:29, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Zum Ofschloss: Jo et ass frustrant wann en Artikel geläscht gëtt, mee d'Diskussioun hei iwwerzeegt, et ass ënnert dësen Ëmstänn besser en ass fort. Mee wann d'Wuert Haascht mer entfall ass, da mengen ech net ech wier dowéinst ze kräizegen, mee de Wiki-Prinzip mécht datt een deen et besser weess hëllefe kann, an dat huet bei dësem Artikel gutt funktionéiert, och wann dat net vum Auteur beabsichtegt war. Déi eenzeg oppe Fro (och wa se wuel éischter rhetorescher Natur ass): Dann ass wuel bei de Lëtzebuergesche Kichespezialitéiten d'Éisleker Ham och aus der Kategorie vun den Nationale Produiten ze läschen? --Otets 13:01, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]