Ham (Fleesch)

Vu Wikipedia
Ham
Gekacht Ham
Réi Ham (Déi eckeg Form kënnt dohier, datt d'Schank erausgeholl an d'Ham gepresst gouf).

Ham gëtt an der Kichesprooch dat Iewescht (zum dackste) vum hënneschte Bee vum Schwäin genannt. De Begrëff bezitt sech meeschtens op fäerdeg preparéiert Hamen, déi gewéinlech kal giess ginn. Jee nodeem gi se gesolpert, gekacht, gebroden, gedréchent oder gereezt. En typesche Lëtzebuerger Kascht ass "Ham, Fritten an Zalot". Dëse Kascht gëtt et gär op Familljefeieren oder bei méi traurege Momenter wéi op Begriefnesser.

Zorten Ham[änneren | Quelltext änneren]

  • Gekacht Ham gëtt fir d'éischt gesolpert an da gekacht. Zum Deel gëtt d'Ham duerno liicht gereezt.
  • Réi Ham hält sech duerch d'Salz, d'Loftdréchenen an d'Reeze méi laang. Mat Hëllef vu Mëllechsaierbakterien entsteet en enzymatesche Prozess, duerch deen d'Fleesch zeideg a mierf gëtt, an dobäi säin typeschen Aroma entwéckelt. Réi Ham vu gudder Qualitéit gëtt un der Schank gelooss, fir hir et méi eng laang Zäit z'erméigleche fir zeideg ze ginn.
    • Loftgedréchent Ham gëtt meeschtens a südeuropäesche Länner produzéiert, wou d'Klima et méiglech mécht, datt d'Ham lues dréchent. Bekannt sinn den italieenesche Jambon de Parme an d'spuenesch Serrano-Ham, déi liicht gesolpert, an da fir méi wéi ee Joer un der Loft dréchne gelooss gëtt. Eng besonnesch Spezialitéit ass de Jamón Ibérico, dee vun hallefwëllen Ibeeresche Schwäin hierkënnt, déi dacks mat Eechele gefiddert ginn.
    • Gereezten Ham kënnt aus méi kalen a fiichte Regiounen, wou d'Fleesch, wann et just un der Loft géif dréchnen, riskéiere géif, schimmeleg ze ginn. Duerch d'Reezen an der Haascht kritt dës Zort Hamen e méi kräftege Goût.

Eng zu Lëtzebuerg an an der Belsch, bekannte réi Ham, déi op déi Aart a Weis produzéiert gëtt, ass d'Ardenner Ham oder Jambon d'Ardennes.

Hame vu gudder Qualitéit an déi zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, kommen ënner dem Label Marque nationale fir Schwéngefleesch op de Maart.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

  • "Ham" oder "Hamen" ass an der Ëmgankssprooch och alt en Euphemismus fir den Hënner vum Mënsch.
  • "Fräschenhamen" sinn den Ënnerleif mat de Been dru vu Fräschen, déi och gebroden a giess kënne ginn.

D'Ham an der Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Ham fir aner Bedeitunge vum Wuert.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ham (Kascht) – Biller, Videoen oder Audiodateien