Diskussioun:Bal (Theaterstéck)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

sollt d'Lemma net besser Bal (Theaterstéck) oder Bal (Ballet) sinn? Sou wéi ech et vesrtinn, geet et manner ëm déi fiktiv Perounen u sech, mee ëm en Theaterstéck/Ballet, dat se thematiséiert (mat dem Geronderëms, wéi eng Ausstellung)?

Déi zwou Sëschtere si jo baussent dem Stéck onbekannt, d.h. se hu keen "Eegeliewen", wéi Merchandising, Produits dérivés, etc., wou hiren Numm eng Roll spille géif.

--Zinneke (Diskussioun) 13:51, 2. Mee 2017 (UTC)[äntweren]

Jo, fannen dat eng gutt Iddi an och méi korrekt.--Bdx (Diskussioun) 14:07, 2. Mee 2017 (UTC)[äntweren]
Moien, Ech hat geduecht se géingen gutt ënnert dem Lemma vum fiktiven Numm stoen, well d'Artikelen an der Presse och éischter ob d'Schwësteren axéiert waren, als vergiessen, onbekannt Heldinnen... Eréischt duerno koum jo eraus, datt et fiktiv Personnage waren. Mä bon, ech sinn awer och mat de proposéierte Lemmaen averstanen. Kee Problem also, wann een den Artikel wëll réckelen. --GilPe (Diskussioun) 18:51, 2. Mee 2017 (UTC)[äntweren]
Moien nach eng Kéier, Ech hu mer dat nach eng Kéier iwwerluecht a géif mengen, datt de Lemma scho sollt bäibehale ginn (an och nach Claudine Bal mat enmem REDIRECT). Déi zwou "Dammen" hun zwar keen Eegeliewen oder Merchandising, mä déi ganz Geschicht mam Theaterstéck war awer op hiert Liewen ausgeriicht a goiuf an der Press och als "Sensatioun" opgeholl, well nach keen iwwer si geschriwwen hat...
Zousätzlech kéint ech awer en Artikel Bal (Theaterstéck) schreiwen...
Wat méngt dir?? --GilPe (Diskussioun) 03:46, 3. Mee 2017 (UTC)[äntweren]
Moien, als Enzyklopedie muss een eng gewëss Distanz hunn, d.h. och zäitlech. Wann een déi Saach do an engem Joer am Réckbléck beschreiwe wéilt, sinn et net d'fiktiv Biographien, déi d'Haaptthema sinn, ma de Fait, dass et sech ëm en Theaterstéck handelt, an ëm wat et do geet. Deemno bräicht een den Artikel just e bëssen ëmzeponderéieren, mat engem Kapitel "Promotioun/Rezeptioun" oder esou, wou beschriwwe gëtt, wéi den Auteur eng Promotiounscampagne op d'Illusioun vu "vergiessene" Persounen opgebaut huet, inklusiv manipuléiert Fotoen a falschen Zeitungsartikelen (a wéi d'Press drop reagéiert huet, wéi se gemierkt huet, dass se drop eragefall sinn). Ech erënneren och un en Artikel "Ronny Riff", an engem änlech gelagerte Fall, deen et emol gouf... (cf. hei an hei).
Artikelen iwwer fiktiv Personnagë maache fir mech nëmme Sënn, wann se als sollech bekannt sinn och baussent hirem Medium - Buch, Film, etc., z.B. well se den Held vun enger Serie sinn, oder et eng jett Bicher/Filmer/... ëm dee Personnage ginn (Tintin, James Bond, Harry Potter, Melusina, etc.), sou dass en Artikel zum Personnage zousätzlech zu deenen iwwer eenzel Bicher/Filmer/... ugeluecht ka ginn.
--Zinneke (Diskussioun) 07:52, 3. Mee 2017 (UTC)[äntweren]
Okee, Zinneke, dat liicht mer an. Ech schreiwen den Artikel deemno ëm (an den nächsten Deeg). E sollt dann ob Bal (Theaterstéck) geréckelt ginn an d'Säit Joséphine Bal sollt geläscht ginn. Merci. --GilPe (Diskussioun) 08:35, 3. Mee 2017 (UTC)[äntweren]
Re-salut, ech hu scho Mol séier op der Bais wat s de geschriwwen has, ëmdisponéiert. Du kanns natierlech nach ausbauen: Gëtt do just gedanzt, oder och geschwat (Theater oder Ballet?) Aner Reaktiounen wéi déi am Wort? Wat fir Dänz waren dat? asw. Bescvht gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 10:37, 3. Mee 2017 (UTC)[äntweren]