Diskussioun:Enrico Lunghi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nodeems hei e puer mol ganz Abschnitter bäigesat an nees ewech gemaach goufen, wier et ubruecht, dofir op dëser Säit hei fir d'éischt ze diskutéieren, wat esou Ännerunge motivéiere géif. Merci fir d'Versteesdemech. --Zinneke (Diskussioun) 09:16, 20. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Guten Morgen Zinneke, sorry für das Deutsch, aber mein Lëtzebuergisch ist nicht existent; sag an, wenn Dir Englisch lieber ist. Die in dem länglichen Abschnitt erwähnte Journalistin wird durch diesen Abschnitt in einem ziemlich überflüssigen Maße diskreditiert. Sie hat sich deshalb an mich als deutschen Admin/OS gewendet. Ich habe Ihr schon gesagt, dass ich hier nicht eingreifen kann. Kannst Du Dir den Abschnitt mal durchlesen und ihn ggf. herausnehmen? Danke. --He3nry (Diskussioun) 09:58, 20. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]
Moien, firwat muss déi Madamm iwwer den däitschen Ëmwee fueren. Ass si net amstand fir dat wat si als Diskreditioun ugesäit, hei ze soen.
in einem ziemlich überflüssigen Maße diskreditiert ass eng lapidar Ausso. Et ass net un där Persoun ze decidéiere wat iwwerflësseg ass oder net. Wann eppes am Artikel steet wat net stëmmt da ka si ons dat roueg hei matdeelen.
Wat steet am Artikel iwwer d'Madamm?
1) No engem Interview den 13. September 2016 an deem hien der Freelancerin Sophie Schram de Mikro erofgedréckt hat, ass den Enrico Lunghi den 3. Oktober an der Sendung « De Nol op de Kapp », ënnert dem Titel «NOL : RTL-Journalistin hellt Mudam-Direkter op d'Geriicht », vun « Aggressioun mat coups et blessures volontaires » beschëllegt ginn. D'Sendung gëtt och ze verstoen, dat schonn eng Plainte géint hien deposéiert wier.
Ass eppes falsch un där Ausso?
2) Am 5. Oktober huet de Lunghi sech offiziell fir seng Opreegung (« de s'être emporté ») wärend dem Interview beim Sophie Schram excuséiert.
Ass déi Ausso falsch?
3) dräi Joer drop si wärend der Ermëttlung fënnef Inculpatiounen ausgesprach : géint d'Freelancerin Sophie Schram, etc ....
Ass déi Ausso och falsch?

Déi Froe solle mol beäntwert ginn Ier hei weiderdiskutéiert gëtt. Vläich kann d'Madamm Schram ons wieder Prezisioune ginn --Les Meloures (Diskussioun) 10:46, 20. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Ich habe nicht vor, hier inhaltlich einzusteigen. Dies ist nach dem ersten Anschein eine zum Gesamtartikel überproportional längliche Darstellung, der Name der Freelancerin unerheblich (Persönlichkeitsrechte), vor allem beruht das Ganze auf einer nicht verfügbaren einzelnen und zudem zweifelhaften Quelle (sicher POV). Das käme in de-WP so niemals durch. Dies ist aber Eure Enzyklopädie, weswegen ich Euch den Sachverhalt lediglich weitergereicht habe. (Ansonsten: Die Betroffene wird Rechte, so sie sie wahrnehmen will, hier selber durchsetzen müssen - und das hat zunächst auch mal nichts mit dem Artikel zu tun.) --He3nry (Diskussioun) 19:56, 20. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]
Hei wäert dach lo eng Journalistin déi ëffentlech opgetrueden ass an en zimmlech agressive Reporterstil hat net wëlle mam Numm genannt ginn, woubäi dee ganzen Zodi laang a breet duerch all Medie gezunn gouf. Wann ee sech selwer an d'Rampeliicht setzt däerf een duerno net meckere wa säin Numm genannt gëtt. Ech fäerte mat hirer Interventioun huet se just e klenge Streisand-Effekt produzéiert. --Puscas (Diskussioun) 10:19, 21. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Soll gekierzt ginn[Quelltext änneren]

Moien, ofgesinn vun den eenzelenen Detailer, déi do bäigesat goufen: Ech sinn der Meenung, dass déi "Affär" wuel relevant ass an ernimmt soll ginn (se goung laang duerch d'Medien an hat och direkt Konsequenze souwuel fir déi Betraffen, wéi och driwwer eraus). Ma ech stëmme mam Benotzer:He3nry iwwereneen, datt d'Wikipedia net d'Plaz ass fir perséinlech Ausernanersetzungen 'mat anere Mëttelen' virunzefueren an datt dat, wat elo do steet, iwwerproportional grouss fir en Artikel iwwer eng Persoun ass, där hiert Liewen a Wierk enzyklopedesch beliicht soll ginn. Dofir proposéieren ech, dat wat do steet op héchstens e Fënneftel vun der Längt ze kierzen, andeems déi weesentlech elementer synthetiséiert solle ginn. --Zinneke (Diskussioun) 11:46, 21. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Ganz d'accord datt et ka gekierzt ginn. Awer der Journalistin geet et jo anscheinend net ëm d'Längt vum Artikel, mä dorëms datt si ernimmt gëtt. Ech fannen datt si kee Recht huet ze verlaangen datt si net soll ernimmt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:14, 21. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Matschaffen an Polemik[Quelltext änneren]

Bonjour,

Ech hat mech ageschriwwen well ech als Contributeur bei Wikipedia Lëtzebuerg wollt matmaachen, speziell wat Sujeten iwwert Konscht a Kënschtler ugeet.

Ech hat natierlech mat der Polemik op menger eegener Säit ugefaangen, wëll se mir onkomplett an onprezis geschéint huet, mee mäin Benotzernumm ass direkt gespaart ginn.

Dofir schreiwen ech op dëser Säit fir :

Ze froen op ech als Contributeur matschaffen kann (an mäin Benotzernumm erëm kann opgemaach ginn) Ze soen, dat ech net fannen, dat d’Polemik op menger Säit ze laang duergestallt ass : et war jo eng riseg Affär ginn, op héchsten Niveau (dass de Premier sech huet missen virum Parlament erklären kënnt jo net all Dag vir) an se seet eppes aus iwwert d’Fonctionnement vun den Medien an vu eiser Demokratie. Wann se awer op menger Säit gekierzt soll ginn, dann schloen ech fir, eng speziell Säit fir d’Affär opzemaachen an do kann ech nach eng Partie Informatiounen dropsetzen. Merci an mat beschten Gréiss

Enrico Lunghi

Ouni op d'Polemik an d'Wichtegkeet dervun anzegoen, eng kleng Erklärung zum gespaarte Benotzernumm (well ech gespaart hunn).
Et ass generell net ubruecht fir e Benotzenumm vun enger bekannter Persoun unzehuelen ausser et kann ee beweisen datt e wierklech déi Persoun ass. Et ka jo am Fong jiddweree sech ënner sou engem Numm umellen. Dat hate mer alles schonn, well Leit ons domat wollten op d'A drécken a maache wéi wa si déi Persoun selwer wieren an dofir alles iwwer sech besser wëssen. Mir haten och keng Méiglechkeet fir dat ze kontrolléieren well de Benotzer:Enrici Lunghi och keng Emailadress uginn hat. Dat ass mol d'Ursaach vun där Spär.
Wat d'Schaffen un Artikelen iwwer seng eege Persoun ugeet sou ass dat och guer net gär gesinn, well déi Aarbechten dacks net neutral sinn. Am enzyklopedesche Sënn si sou Polemiken och net immens relevant och wa se munneche Lieser intressant virkommen. Et ass och schlecht sech op ee Buch ze beruffen dat ee quasi selwer geschriwwen huet. Ier eegen Interventioun huet dem Artikel deemno net vill Guddes bruecht, ausser datt hei lo vill palavert gëtt. Et hënnert Iech awer näischt drun fir op der Wikipedia matzeschaffen. Ech entspären lo mol Äre Benotzernumm a waarden op eng Mail déi Dir mir iwwer de Link lénks an der Säiteläischt --Dësem Benotzer eng Mail schécken-- schécke kënnt soubal wéi Dir Är Email selwer uginn hutt. --Les Meloures (Diskussioun) 18:45, 22. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Äntwert an d'Erklärungen. Just eng Präzisioun : ech hunn keen eenzegt Wuert vum Catherine Gaeng sengem Buch geschriwwen : et ass e Wierk von enger Historikerin, déi all verfügbar Quellen benutzt huet - honnerten vun Zeitungsartikelen, Radio- an Fernsehsendungen, an aanerer, déi hat sech selwer prokuréiert huet.

Dat ass bal wéi wann de Paschtouer net wees wat de Koschter mécht. Bei eis doheem ass et änlech, meng Fra gëtt och Suen ewech déi si sech selwer prokuréiert huet, bal aus menger a bal aus hirer Kees. Ech kann awer jiddwerengem soe meng wieren net derbäi gewiescht, besonnesch wa se Gras kaaft huet, soss sinn ech met schëlleg. --Puscas (Diskussioun) 20:06, 22. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]
Wat hunn de Paschtouer an är Fra mam Här Lunghi ze dinn? Loosst mech äre Nonsense Kommentar (dee suguer bal polemesch eriwwer kënnt) ëmschreiwen: De Passage iwwert d'Buch vun der Madamm Gaeng ass irrelevant a ka mMn gestrach ginn. —87.240.241.136 15:52, 23. Jan. 2020 (UTC)[äntweren]

Et deet mer Leed, ech kann op Lëtzebuergech net schreiwen (mais après tout, He3nry, n’a pas non plus écrit en luxembourgeois, et moi au moins je ne me cache pas sous un pseudonyme). Je veux juste confirmer que Enrico Lunghi n’a pas demandé la rédaction de ce livre, et qu’il n’y a pas participé. Il en a découvert le contenu (et le fait que j’ai utilisé des documents non public lui appartenant!), le jour où je lui ai remis le manuscrit pour relecture. "Ein derartiges Buch ist ein wichtiges Zeugnis und ein nachhaltiges Werk" (Fernand Weides, Tageblatt, 15 mars 2018), il est donc tout à fait pertinent de le mentionner. Si Enrico Lunghi l’a fait figurer dans le texte et pas sous Literatur, c’est justement pour pouvoir préciser que c’est son épouse qui l’a écrit. Catherine Gaeng