Diskussioun:Henri Koch (Politiker)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kann ee mer soen, virwat an de Referenzen <ref name = ''Wagner''>Wagner 1988, 2001.</ref> a <ref name = ''Allamano''>Allamano & Bernardini 2013, S. 129-130.</ref> nëmmen als Wagner optauchen? Ech kréien dat net an d'Rei! --Jamcelsus (Diskussioun) 16:59, 5. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]

De Problem bei deene Referenze waren der mindestens zwou:
1) et ass am beschte wann een hannert dem tëschent 'ref name' an dem '=' genee wéi tëschent dem = an dem " kee Leerzeeche léist
2) den Numm däerf net tëschent zwee ' -Zeeche stoen mä et muss een d'Zeechen " benotzen
Dat selwescht zielt och fir den tag <ref name="Beispill" />och hei sinn d'Espace wichteg an och hei däerf d'Zeechen ' net benotzt ginn.
Ech hoffen dat bréngt e bësse Liicht an déi kniwweleg Affaire. --Robby (Diskussioun) 20:57, 5. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Alles kloer! Merci Robby.--Jamcelsus (Diskussioun) 13:15, 6. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]

Link op d'Chamber[Quelltext änneren]

Moien, Gëtt et eng Méiglechkeet d'Referenz méi direkt ze maachen? Ech hu bis lo nach net erausfonnt, wéi een op deem Site eppes siche geet a scho guer net wéi een do soll eppes erëm fannen. Bosseg och datt d'Chamber den Hommage scho vrum Mann sengem Doud gemaacht huet...

Lo froen ech mech och - war hien Deputéierten? Am Artikel steet jo näischt dovun. --Jwh (Diskussioun) 06:44, 24. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Salut, dat mam direkte Link ass e bësse méi schwiereg well de Site vun der Chamber generéiert bei all Sichaktioun eng unique URL déi nëmmen eng gewëssen Zäit funktionéiert elo zum Beispill: http://www.chd.lu/wps/portal/public/!ut/p/b1/lY3LDoIwFEQ_qbe3tLRLHrWCikKDkW4MC2NIeGyM329N3Bgi6uwmMyeHONJQwQWVnGNITsSN7b27trduGtv-2Z04p5geqyxAMGEZAOY6D2tbMCmFPzT-AB8SwTu_11YAsgOLKot-D148SmkrE-20UnUMGSTU6jJGyPA3_4JggTdqxstEeaspt5uEcjCW_emfC77wxXoaLmRw_cpHPgDwdSr9/dl4/d5/L0lDU0lKSWdrbUEhIS9JRFJBQUlpQ2dBek15cXchLzRKQ2lEb01OdEJqdEJIZmxDRUEhL1o3X0QyRFZSSTQyMDg5SkYwMk4xU1U4UU8zSzE1LzA!/?PC_Z7_D2DVRI42089JF02N1SU8QO3K15019404_secondList=&PC_Z7_D2DVRI42089JF02N1SU8QO3K15019404_action=document&PC_Z7_D2DVRI42089JF02N1SU8QO3K15019404_selectedDocNum=1#Z7_D2DVRI42089JF02N1SU8QO3K15 an et muss een déi Sichaktioun all Kéier widder huelen. De Wee dohin ass dësen op der Haaptsäit uewen op den Tab 'Travail à la chambre' klicken duerno am lénke Menü op 'Recherche d'archives' klicken. Schliesslech op der Säit duernoan der Rubrik: 'Terme(s) dans l'intitulé' den Numm (entweder komplett oder just de Familljennumm) aginn (fir den Henri Koch hat ech Henri Koch aginn) an du krutt ech zwee dokumenter gewisen dat eent mat senger Assermentatioun an dat anert mat dem Hommage.
D'Chamber huet den Hommage natierlech eréischt nom Doud vum Henri Koch gemaach (Hellseher sinn och do éischter seelen), mä d'Referenz vun den Dokumenter vun der chamber hei: C-1986-O-058-0001 ) bezitt sich op dat éischt Joer vun der Chamber Sessioun also hei op d'Sessioun 1986-87 an dofir C-1986... fir d'Referenz op Sëtzung vun 'MARDI 28 AVRIL 1987 (58e séance)'.
Ech hoffen dat ganzt ass elo e bësse méi kloer.
mat beschte Gréiss --Robby (Diskussioun) 17:54, 24. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
Villmools Merci, Robby, fir Deng explizit Äntwert! Dat ass jo net einfach, an dach komplizéiert. --Jwh (Diskussioun) 06:36, 25. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]