Henri Koch (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Henri Koch. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Henri Koch.
Henri Koch
Gebuer 31. Mee 1910
Gestuerwen 17. Abrëll 1987
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Den Henri Koch, gebuer den 31. Mee 1910 zu Mamer a gestuerwen de 15. Abrëll 1987[1] zu Esch-Uelzecht[2], war e lëtzebuergesche Politiker (CSV) an Direkter vum Escher Jongelycée.[3]

Hien huet säi Secondairestudium am Athenäum gemaach an huet duerno zu Paräis an zu Bonn studéiert. Hien huet säi Studium 1934 mat engem Doktorat an der Philosophie of geschloss. Duerno huet hie Geschicht, Latäin an Däitsch enseignéiert. Säi Stage huet hien am Atheneum an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht an der Industrieschoul gemaach. 1936 krut hien eng Nominatioun als Repetent an 1938 als Professer an der Escher Industrieschoul, déi 1945 den Numm “Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette” krut.[1]

Hie gouf 1942 vun den Nazie festgeholl a koum an d'KZ Hinzert. Seng Fra a seng zwéi Meedercher goufen an d'Lager vu Leubus a Schlesien deportéiert. Nom Doud vu senger zweeter Duechter, dem Christiane, ass den Henri Koch aus dem KZ entlooss an op Leubus bei seng Famill verluecht ginn; spéider goufe si an d'Lager Boberstein am Riesengebirge transferéiert.[3] Am Mee 1945 ass d'Famill Koch zeréck op Lëtzebuerg komm.[2]

Nom Zweete Weltkrich war hien ee vun de Matgrënner vun der Amicale vun de politeschen Deportéierten.[3]

Vun 1945 bis 1975 war hien Direkter vum Escher Jongelycée.[3]

Den Henri Koch war Member vum Escher Gemengerot vun 1964 bis zu sengem Doud.[2] De 6. Mäerz 1980 ass hien an d'Chamber "nogerëtscht"[4], an d'Plaz vum Jean Spautz, dee Minister gouf, a blouf bis 1984 Deputéierten.

Den Henri Koch war Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.[3] Hie war ee vun den Auteure vum Geschichtsbuch “Altertum und Mittelalter”, dem éischte Band vum “Handbuch der Geschichte für die Unterstufe der höheren Schulen” (1946), dat vun der 2. Oplo un “Lehrbuch der Geschichte” geheescht huet (1947-1965).

A senger Sëtzung vum 21. August 1998 huet den Escher Gemengerot enger Strooss am Quartier Sommet dem Henri Koch säin Numm ginn: rue Henri Koch (L-4354).[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Allamano, W. & G. Bernardini, 2013. Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Strassen. Esch-sur-Alzette, Polyprint, 256 S. [rue Henri Koch, S. 129-130].
  • Wagner E., 1988. [À la mémoire de] Henri Koch. Journal de l'APESS 8(1988), S. 37-38.
  • Wagner, E., 2001. À la mémoire de Monsieur Henri Koch, directeur honoraire du LGE. In: Lycée de Garçons d'Esch-sur-Alzette: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg, 307-309.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Wagner 1988, 2001.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Allamano & Bernardini 2013, S. 129-130.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 C-1986-O-058-0001 Hommage à la mémoire de M. Henri Koch. um Site vun der Chamber
  4. D'Chamberdokument Session ordinaire 1979-1980 op der Säit 111 gëtt den 9. Oktober 1979 un. An dëser Lëscht kann awer e Feeler ënnerlaf sinn, well de J. Spautz eréischt am Mäerz 1980 Minister genannt gouf. (Mémorial A N°10 vum 03.03.1980). Aus dem Chamberdokument vun der Sëtzung vum 6.03.1980 geet kloer ervir datt hien deen Dag vereedegt gouf.