Diskussioun:Léiffrächen zu Rued-Sir

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

Nodeem wat ech sou bis elo erausfonnt hunn schéngt dat awer keng Pilgerplaz ze sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:26, 10. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

Moien och

Wellech Konditiounen muss dann eng Pilgerplaz erfëllen fir däerfen als Pilgerplaz ze gëllen? Wou ass dat definéiert? Oder wien huet dat wéini definéiert? --195.46.241.228 08:48, 10. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]


Se misst vum Bistum als Pilgerplaz unerkannt sinn. --87.65.83.203 10:51, 10. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

Schabloun {{Neo}}[Quelltext änneren]

D'Grott ass op der Plaz mat engem Schëld "Leiffrechen" gezeechent a gëtt vum Porverband "Léiffrächen" genannt. De Lemma vum Artikel gläicht sech der Schreifweis vun der "Léiffrächen" zu Keel un. GilPe (Diskussioun) 12:52, 11. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

Mam Ënnerscheed datt déi zu Keel den Numm offiziell vum Bëschof krut. E Schëld an eng Bezeechnung vun engem Porverband deen net méi aktuell ass, si schappeg Argumenter. Et ass anscheinend keng sou eng Bezeechnung a Pordokumeneter ze fannen. D'Muttergottesstatu selwer stellt jo d'Tréischterin am Leed duer. Steet enzwousch datt se als Notre-Dame de Roodt-Syr iergenwou bekannt ass? Déi Plaz gëtt a kenge bekannte Lëschten ernimmt. Souguer d'Sonja Kmec huet se net am Atlas vun de Marieplazen. Datt déi Plaz hei als Pilgerplaz mat engem Léiffräche-Label duergestallt gëtt/gouf ass mMn e bësselchen iwwerdriwwen. --Pierrenilles (Diskussioun) 13:20, 11. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]
D'Schabloun "Neo" hunn ech ewech geholl, well dëst Lemma keng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur ass. D'Prezisiounen am Artikel krut ech vum Paschtouer vu Rued Guy Diederich op Nofro beim Dechen Claude Bache. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 18:08, 23. Mee 2021 (UTC)[äntweren]