Léiffrächen zu Rued-Sir

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Muttergotteskapell zu Rued-Sir. Fir déi zu Keel, kuckt wgl. Léiffrächen.
D'Léiffrächen zu Rued-Sir

D'Léiffrächen zu Rued-Sir ass eng Statu vun der Tréischterin am Leed, déi an engem Bildstack, resp. an enger gebaute Grottenimitatioun zu Rued-Sir steet, am Ufank vum Rieder Bësch, nieft dem Bëschkierfecht. Ronderëm d'Statue steet a metalle Buschtawen den Titel: CONSOLATRIX AFFLICTORUM. De Bildstack ass mat enger Heck ofgetrennt an et sti Bänken do fir sech drop ze sëtzen.

Déi stenge Muttergottes staamt aus dem Atelier vun der Firma Schou vu Gréiwemaacher[1]. D'Grott ass 1945 gebaut ginn, als Merci fir d'Enn vum Zweete Weltkrich, an deem Rued weeder zerstéiert nach evakuéiert gi war.[2] Den Här Théodory aus der Oulgerstrooss huet de Bildstack gebaut an ass d'Steng mat der Schubbkar op de Widdebierg siche gaangen.

D'Plaz ass Eegentum vun der Betzder Gemeng, déi alles an der Rei hält, mee och Privatleit brénge Blummen a fleegen de Bildstack. D'Gemeng huet beim Wee fir an de Bësch e Schëld opgestallt, op deem "Leiffrechen" drop steet, a sou gëtt et och vun de Leit genannt.

Vun der Par aus gëtt heiansdo eng Andacht oder e Gebiedstreffen op dëser Plaz organiséiert, wann och net reegelméisseg. Eng reliéis Begriefneszeremonie vum Bëschkierfecht gëtt och mol fir bis zu 25 Leit bei der Léiffrächen ofgehalen. 2019 gouf fir d'Oktav an der Kathedral en Andachtsbildche gedréckt mat der Consolatrixstatu vun der Rieder Léiffrächen drop.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léiffrächen zu Rued-Sir – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vun hei a vun do. Luxemburger Wort, 1946. Jg., nº 238, p. 5 (26.08.1946). Gekuckt de(n) 10.04.2021.
  2. Parverband Widdebierg. parverband.betzdorf.lu. Gekuckt de(n) 2021-04-10.
  3. Informatioune vum Paschtouer vu Rued Guy Diederich, Mee 2021