Diskussioun:Lëscht vu lëtzebuergesche Planzennimm

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

You name it, we fly it ;-)) Merci Cornischong an Alexandra ! Myriam 16:01, 21 Dezember 2005 (UTC)

w.e.g. nëmmen déi latengsch Nimm italic schreiwen --Marcus 10:32, 22 Dezember 2005 (UTC)

Sou besser? Myriam 10:37, 22 Dezember 2005 (UTC)
Ausser de PlanzeNNimm. --> Vullennimm, Vullennascht  :-) --Cornischong 10:53, 22 Dezember 2005 (UTC)
Jo, hat ech och gesinn, ech hat et am Artikel gännert, mee wéi kréien ech dat am Titel verbessert? Myriam 11:01, 22 Dezember 2005 (UTC)

den éischten latengeschen Numm gëtt ëmmer groussgeschriwwen, den 2. ëmmer kleng (ech wees, ech si penibel, mee dat ass eng vun den eenzege Saachen déi wierklech op der ganzer Welt standardiséiert sinn)--Marcus 11:05, 22 Dezember 2005 (UTC)

Net änneren! Stoe loossen! Et kritt zwéin "n" :-)))) --Cornischong 11:11, 22 Dezember 2005 (UTC)

Lo awer, oder? Iwwert e Mangel un Ënnerstëtzung kann een sech jo hei wierklech net bekloen ;-)) Myriam 11:21, 22 Dezember 2005 (UTC)

Wéi kënnt den Accent circonflexe op den "Dâmantel"? Dee kenne mer jo just vu franséische Friemwierder hier, an dat dote schéngt mer awer keent ze sinn. --Otets 10:31, 23 Dezember 2005 (UTC)

Wou s de Recht hues, hues de Recht. Ech hat eng ganz Rëtsch Copy/Pasten gemaach a réischt duerno verbessert. Deen as mer wuel entgaang :-( Myriam 10:47, 23 Dezember 2005 (UTC)

Mat oder ouni Ofdeelung pro Buschtaf?[Quelltext änneren]

Moien,

Ech géif proposéieren d'Lëscht ëmzebauen, ouni Ofdeelung pro Buschtaf, fir datt een se pro Sprooch dem Alphabet no zortéiere kann, sou wéi den Zinneke dat och bei der Lëscht vu lëtzebuergeschen Nimm vun Uebst a Geméis proposéiert hat. Wa keen eppes dergéint huet, këmmeren ech mech drëm. GilPe (Diskussioun) 16:51, 28. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]

Wat och nach wichteg wier, ass, unzeginn - wann een dat weess - op wat déi Lëscht baséiert. Ouni en Usproch op Vollstännegkeet, no wat fir engem Critère och ëmmer, ass dat séier e bësse konterbont. --Zinneke (Diskussioun) 18:16, 28. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]

D'Lëscht gouf elo mol aktualiséiert an esouwäit et méiglech war dat erauszefannen, mat der Quell vum lb Numm komplettéiert. GilPe (Diskussioun) 20:47, 3. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]