Diskussioun:Mir wëlle bleiwe wat mir sinn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

d'Thema brennt mer op den Neel: *"... ass déi national Devise vum Groussherzogtum Lëtzebuerg."" Wee seet dat? Wou gouf dat festgeluecht? Wou steet dat? Geet et duer, datt de Sproch um Escher Stadhaus an engem Tiermchen um Fëschmaart steet, datt dat als Affirmatioun duerchgeet? --Zinneke (Diskussioun) 21:21, 28. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Op jiddwer Fall am Text iwwer d'Emblemer wou se jo am Fong misst higehéieren ass se net op gezielt.
Dommerweis steet dat schonn 10 Joer an eiser Lännerkëscht an ass bis elo nach kengem opgefall.
--Les Meloures (Diskussioun) 07:42, 29. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Eng offiziell Definitioun als national Devise gëtt et wuel net. Trotzdem gëtt se op ville Plazen esou uginn, wat och duerch d'Wikien ënnerstëtzt gëtt (ausser eiser). Eng méi speziell Erklärung hunn ech op dëser Säit fonnt. Et gëtt esouguer eng Säit wou eis Nationalhymn ënner deem Motto ze fannen ass.--MMFE (Diskussioun) 10:32, 29. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech hu mech dat och scho gefrot. Éier ech den Artikel ugeluecht hunn, hat ech op e puer offizielle Säiten an esouguer an der lëtzebuerger Verfassung nogekuckt, mee keng offiziell Referenz op eng national Devise fonnt. Mee well de Sproch op esou ville Säiten als national Devise indiquéiert gëtt, an och a ville Bicher (zB Tourismusbicher), an an der Infobox am Artikel "Lëtzebuerg" ugi war, hat ech geduecht, dat wier trotzdem korrekt. Ech hunn dem Nationalmusée mol eng Email geschéckt, op déi mir kënne soen, wou ee méi Info iwwer dee Sproch fënnt oder op Lëtzebuerg iwwerhaapt eng (offiziell) national Devise huet oder net.--Bdx (Diskussioun) 11:53, 31. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Merci fir deng Nofuerschungen, ech si gespaant wat erauskënnt. Déi Saach mat Touristebicher, wou ee beim aneren ofschreift, erënnert mech e bëssen un den Artikel "Eisleker Ham", deen et eng kuerz Zäit hei gouf, well et jo sou vill Menuskaarte ginn, wou dat dropsteet, an Touristebrochuren, wou dervu rieds geet, ma Kee konnt soen, wat dat dann elo genee ass oder soll sinn. Den Artikel gouf geläscht, d'Diskussioun:Éisleker Ham fir d'Nowelt konservéiert. Net dass de mech falsch versteess: De Sproch hei sollt schonn en Artikel wäert sinn, mee dann awer mat gutt recherchéierter Informatioun iwwer déi Devisë-Geschicht. A wa mer e bësse Myth Buster spille kënnen - tant mieux!--Zinneke (Diskussioun) 13:47, 31. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Pour Info, och wann et schonn 2 Joer hir ass: Vum Nationalmusée krut ech ni eng Äntwert.--Bdx (Diskussioun) 10:11, 13. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]