Diskussioun:Rue de Kevelaer (Stad Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

wann ech richteg verstinn, gouf déi Strooss ugeluecht, fir dass Lafayette Immo do Immobilie baue kann ("Die Residenzen Lafayette befinden sich auf dem Plateau de Kirchberg in der noch anzulegenden Rue de Kevelaer. Diese wird zwischen der Rue des Labours und der Rue Louise Michel parallel zur Rue des Carrières entstehen. Es handelt sich um eine ausschließlich von Anwohnern genutzte, ruhige Sackgasse."). Weess een, op déi Gesellschaft "Famill" ass mat dëser Lafayette? Den dach zimmlech "speziellen" Numm vun der Strooss wier emol en Indice. Falls jo, wier dat natierlech intressant, dat am Artikel z'ernimmen; et wier jo net net all Dag, datt de Bëschof eng Strooss "geschenkt" kréich (an dass en neierdéngs am Niewenjob Promoteur wier, wier mer och nei...) --Zinneke (Diskussioun) 08:16, 25. Abr. 2016 (UTC) PS: An da bléif nach d'Fro, a wéiwäit sech Organisatiounen a Strukturen wéi den Äerzbistum sech Stroossennimm quasi eraussiche kënnen...[äntweren]

Mëtteg, Ech mengen net, datt den Numm „Lafayette“ eppes mam Bistum senger S.A. ze dinn huet: um Internetsite www.lafayette.immo gëtt verwisen op eng Firma mam Numm „City Villas S.à.r.l“ (Verantwortlich für den Inhalt) a se soen: “Residence Lafayette” is a registered trademark of Luxembourg Investment Group (LIG) S.A.. Déi zwou Firme goufen - dem Legilux no - gegrënnt vun enger Dame mam Numm Peggy S.; déi schéngt "clerc" beim Notaire ze sinn... Awer ech hu keng Spur vum Bistum fonnt. --GilPe (Diskussioun) 12:22, 26. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]
Dem Kadaster no gëtt et se mol nach guer net. Komesch Saachen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:12, 25. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]
Awer schonn op topographie.lu --GilPe (Diskussioun) 09:17, 25. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]
Remoien, ech wollt och net a Fro stellen op se scho gëtt oder net, ech fannen et just droleg datt eng Strooss vun där de Kadaster nach näischt weess sou e laangen héichoffizillen Numm huet. Ech wëll dat awer och net a Fro stellen, ech wonnere mech just. :-) --Les Meloures (Diskussioun) 14:14, 25. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]
D'Nimm vu Stroosse gi gemenkerhand méi laang am Viraus festgeluecht an ech mengen, de Kadaster hëllt se eréischt a säi Relevé op, wa bis déi éischt Haiser do stinn. Den Numm vun der Strooss ass am Fong just "Rue de Kevelaer"; den Zousaz deen de Sultan Edijingo am Artikel bäigesat huet ass net falsch, mee gehéiert net direkt zum Odonym. Et ass just eng Erklärung fir Kevelaer, sou wéi z.B. bei der Avenue Pasteur "biologiste français" an de Gebuerts- a Stierfdatum derbäi steet. --GilPe (Diskussioun) 10:34, 26. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]
OK, kee Problem a Merci fir d'Info - --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:25, 26. Abr. 2016 (UTC)[äntweren]


déi 2016 nei ugeluecht gouf.
Do schéngt et mam Uleeën ze happeren. Viru 14 Deeg war do nach guer näischt geschitt. Kee Strosseschëld a keng Strooss wäit a breet. --Les Meloures (Diskussioun) 09:06, 9. Jul. 2016 (UTC)[äntweren]