Diskussioun:Spideeler zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Clinique Sainte-Marie, d'Clinique d'Eich, an anerer missten hei och nach agebaut ginn... --158.169.40.5 09:14, 30. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Ma dat kanns de och vläicht selwer maachen amplaz aner Leit dat unzestellen. --81.242.182.246 09:43, 30. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech stelle keen un; ech hunn d'Quell vum Artikel, wou déi Lëscht hier ass, net, a kann deemno och net préifen, ob se beim Ofschreiwen iwwersi gouf, am Artikel selwer, an ob dat effektiv dozou gehéiert, wéi am Artikel Clinique d'Eich steet. --Zinneke (Diskussioun) 16:56, 30. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech gi mol dervun aus datt de Männche vum Wort sech d'Saach bei der Nosich einfach gemaach huet, wéi dat jo leider bei Reporteren dacks de Fall ass, besonnesch bei lëtzebuergeschen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:53, 30. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech hunn den Artikel nach, kucken dat no. --Cayambe (Diskussioun) 21:28, 30. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]