Diskussioun:Stater Tram

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Artikel splécken[Quelltext änneren]

Moien,

en Vue vum neien Tram, dee geschwënn den 'normalen' Tram wäert sinn, schloen ech vir, wéi et och op der fr:Wiki den User:Lyon-St-Clair gemaach huet, hei just Info iwwer den 'neien' Tram ze hunn, an alles, wat historesch ass, an en eegenen Artikel ze verfrachten (Fréiere Stater Tram z.B.).

--Zinneke (Diskussioun) 16:32, 26. Jul. 2017 (UTC)[äntweren]

PS de Lyon-St-Clair huet kierzlech en impressionanten Artikel iwwer den aktuellen Tram geschriwwen (fr:Tramway de Luxembourg). Do kinnt een dat eent oder anert hei iwwersetzen. Avis aux amateurs. Z.-

Deng Propose mécht Sënn! --Sultan Edijingo (Diskussioun) 18:21, 26. Jul. 2017 (UTC)[äntweren]

Gouf gemaach. --Zinneke (Diskussioun) 14:09, 27. Jul. 2017 (UTC)[äntweren]

Vereelzten Informatiounen?[Quelltext änneren]

Am Artikel steet ënnert den Ausbaupläng: “Am Juni 2017 gouf d'Prioritéit dunn awer vum Nohaltegkeetsminister éischter op eng zweet Linn geluecht, déi op enger Längt vum 16 km iwwer Mamer bis op de Wandhaff fuere kéint”.

Éischtens mol ass déi Formuléierung am Kontext vun de Sätz vu viedru koomesch, well et am End-effekt keng nei propose ass mee just eng Verlängerung vun der zweeter vun dem Bausch sengen Ausbaupropsen (d’Linn iwwert d’Areler Strooss bis op Bartreng).

Zweetens ass déi Informatioun sou wäit ech am Bild si vereelzt. Déi drëtt Propose vum Bausch (Mediapark Kierchbierg) schéint als éischt ëmgesat ze ginn. An enger zweeter Etapp déi zweet Propose vum Bausch, allerdéngs net bis bei d’Belsch Grenz op de Wandhaff, mee just bis bei d’Belle Etoile.

Am Kontext vun 2017 huet dee Saz eventuell Sënn gemaacht, wann een en haut liest mecht en zimmlech duercherneen. Misst een iergendwéi ëmformuléieren oder aarnecht abauen. Oder zumindest kloer stellen dass dat deemools just eng dohiergesoote Propose war wéi vill aanerer och, keng konkret Pläng déi an déi konkret Planungsphas gaange sinn (wéi z.B. dee mam Mediapark). --158.64.160.154 23:13, 3. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Moien, merci fir déi pertinent Remarque. D'Wikipedia ass näischt Statesches. Jiddereen dierf hei Artrikele verbesseren an ausbauen; zéckt dofir net, dat Kapitel deementspriechend ëmzeschreiwen (denkt just drun Är Aussoe mat Quellen ze beleeën). Zum Inhalt: Deen Artikel hei wiisst mam Ausbau vum Tram (kuckt iech emol am Verglach déi éischt Versioun un). Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 08:46, 4. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]