Diskussioun:Wëllkar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Mëtteg, ech hunn elo grad gemierkt, datt Wëllkar um LOD männlech ass, mä am Luxemburger Wörterbuch neutral. Wéi gesidd dir dat? Ech hunn och eng Ufro beim LOD gemaach.

MbG Christian Ries (Diskussioun) 12:10, 10. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]

Salut,
Wann et de Reegele vun den zesummegesate Wierder nogeet, misst et neutral sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:25, 10. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]
De Les Meloures huet et bekäppt :). --Soued031 (Diskussioun) 16:01, 10. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]

Moien, ech krut vum LOD folgende Message:

den Artikel gouf am LOD adaptéiert: https://www.lod.lu/?WELLKAR1
Merci a mat beschte Gréiss, Ekipp LOD

Deemno ass Wëllkar e sächlecht Substantiv.

MbG Christian Ries (Diskussioun) 09:32, 26. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]