Op den Inhalt sprangen

Wëllkar

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wëllkar
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Magnoliophyta
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Caryophyllidae
Uerdnung Caryophyllales
Famill Polygonaceae
Wëssenschaftlechen Numm
Fagopyrum

D'Wëllkar (Fagopyrum) ass eng Planzegattung aus der Famill vun de Polygonaceae. D'Wëllkar ass domat Famill mat dem Rubbarb an dem Sauerampel.

D'Wëllkar gëtt dacks als Fruucht[1] ugesinn, well et grad sou ugebaut gëtt, mat dem Méidrescher geméit a gedresch, zu Miel gemuelen an als Grondlag fir d'Preparatioun vun Deegwueren a Brout oder Schmull respektiv Gruau geholl gëtt. Mä d'Wëllkar gehéiert net wéi déi aner Fruuchtaarten zu de Grieser. Seng dräieckeg Friichte gesinn aus wéi d'Friichte vun der Buch, dofir heesche si hei an do "Bochaker"[2].

Vernakularnimm

[änneren | Quelltext änneren]

D'Wëllkar ass eng vun de Gattungen, déi a ville Sproochen eng helle Wull vun Nimm verpasst kruten:

  • Lëtzebuergesch: Hädekar, Hedekuer, Bochaker, Wëllker, wëllt Kueren.
  • Däitsch: Buchweizen, Heiden, Heidenkorn, Blenden, türkischer Weizen.
  • Franséisch: sarrasin, blé noir, blé de barbarie, bucail.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Gattung besteet aus fofzéng Aarten, vun deenen der véier ugebaut ginn:

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Wëllkar zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ginn dat gewéinlecht Wëllkar (Fagopyrum esculentum) an d'tatarescht Wëllkar (Fagopyrum tataricum) vun 10 Bauerebetriber op zirka 20 ha am Éislek (Stand 2011) ugebaut[3]. D'Dieschbourg-Mille bei Iechternach huet eng separat Anlag fir Wëllkar ze muelen.[3]

Wirtschaftlech Bedeitung

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • Felten, Claude, 1991. Suivi de croissance, désherbage et défanage du sarrasin. 168 p., Thèse ing. agr. Louvain-la-neuve.
  • Haas, Marcel, 1997. Buchweizen in den westeuropäischen EU-Ländern. Bauerekalenner Jg. 49: 141-173. Lëtzebuerg.
  • Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
  • Kreft, I., C. Ries & C. Zewen, 2007: Das Buchweizenbuch (mit Rezepten aus aller Welt). 2. überarb. u. erw. Aufl., 259 S. Hrsg: Islek ohne Grenzen EWIV, Arzfeld. ISBN 978-2-9599967-1-9.
  • Kreft I., C. Zewen, C. Ries, H. Hagels, S. Jacques-Mutsch, W. Kronberger, P. Kurth, V. Mair, S. Scheucher & R. Wintsch-Lustenberger, 1999. Das Buchweizenbuch (mit Rezepten aus aller Welt). 178 S. Hrsg: Islek ohne Grenzen EWIV. Arzfeld. ISBN 2-9599967-0-4.
  • Zewen, Christian & Christian Ries, 1996. Eine fast vergessene Kulturpflanze im Oesling: der Tatarische Buchweizen (Fagopyrum tataricum (L.) Gaertn.). 7 p. Administration des services techniques de l'agriculture, Luxemburg.
Commons: Wëllkar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Si ginn als "Pseudo-Fruuchtaarten" ugesinn, well si an der Landwirtschaft an an der Ernierung op déi selwecht Aart a Weis agesat ginn
  2. Sou heeschen d'Friichte vun der Buch och op Däitsch: "Buchecker". Dohier kënnt och den däitschen Numm "Buchweizen" fir d'Planz.
  3. 3,0 3,1 B. Pfaus-Ravida, 2012. Der Buchweizen erfreut sich in Luxemburg immer größerer Beliebtheit. Alte Pflanze, neuer Siegeszug Luxemburger Wort vum 3. Mäerz 2012, S. 32.