Dohêm
Ausgesinn
Dohêm. Roman aus dem E'sleck | |
---|---|
Auteur | Ferdinand Gremling |
Erauskomm | 1948 |
Dohêm. Roman aus dem E'sleck ass e Roman vum Ferdinand Gremling a Lëtzebuerger Sprooch, deen 1948 am Verlag vun der Sankt-Paulus-Dréckerei erauskoum.
Wourëms geet et am Roman?
[änneren | Quelltext änneren]Erzielt gëtt d'Geschicht vun engem Bouf deen zu engem jonke Mann eruwiisst, an engem Bauerenduerf am Éislek. Hien erlieft de Kreeslaf vun der Natur uechtert d'Joer, d'Schoulzäit, d'Liewen an der Stad an a Frankräich, d'Liewen um Duerf mat de Streidereien tëscht de Leit, e verléift sech a muss tëscht zwou Fraen decidéieren[1]...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Vun der Kritik gouf ervirgehuewen, dass de Roman manner duerch seng Handlung, wéi duerch seng Sprooch an duerch seng atmosphäresch Beschreiwungen ervistécht.[1]
Den Autuer selwer sot, hie wéilt domat "der Hêmecht an hirer Sprôch e Stê setzen". (S. 8)[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche op autorenlexikon.lu.
- Fiche op a-z.lu.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 „Dohém“. In: Luxemburger Wort, 1948 nº 101/102 (10.04.1948), S. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ zit. n. Romain Hilgert: 'Ewell eng Gewunnecht'. d'Lëtzebuerger Land, 48. Jg., nº 6 (09.02.2001), S. 21. [Digitised by the National Library of Luxembourg].