Ferdinand Gremling

Vu Wikipedia
Ferdinand Gremling
Gebuer 18. Oktober 1901
Holz
Gestuerwen 9. September 1970
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Schoulmeeschter
Member vun Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal
De Pitti leiert méien - aus Ferd Gremling (1948): Doheem. Roman aus dem Eislek

De Ferdinand Gremling, gebuer den 18. Oktober 1901 zu Holz a gestuerwen den 9. September 1970, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

De Ferd Gremling, als aachte vun zéng Kanner zu Holz gebuer, gëtt 1922 Schoulmeeschter zu Kéiber, duerno, vun 1930 un zu Hoen a schliisslech, vun 1935 bis 1961 zu Rodange.

Nieft der Schoulmeeschterei war de Ferd Gremling e begeeschterte Beiemann; hien huet fir de Beienziichterverband uechtert d'Land Konferenze gehalen. Hien huet och gär geschriwwen: fir d'éischt emol eng ganz Rëtsch Gedichter, virun allem iwwer d'Landliewen, mä och e Roman op Lëtzebuergesch: Dohêm. Roman aus dem E'sleck, deen 1948 erauskoum. Vun him ass och eng Geschicht vun der Par Rodange.

De Ferd Gremling war 1951 Grënnungsmember vum Veräin "Eis Sprooch", fir deem seng Zäitschrëft hie reegelméisseg geschriwwen huet; hie war och Member vun der linguistesch-folkloristescher a vun der Konscht- a Literatursectioun vum Institut grand-ducal an huet um Lëtzebuerger Dictionnaire matgeschafft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]